De Summer kënnegt sech un: D'Temperature ginn an d'Luucht an de Besoin sech ofzekillen och. An dofir ginn et hei am Land genuch Méiglechkeeten:

Ugefaange bei de Klassiker ënnert de Plazen hei am Land: natierlech ass a bleift de Stauséi eng vun de Beléiftsten. Déi ënnerschiddlech Plagen lueden dozou an de Picnicskuerf ze paken an den Dag am Naturpark ze genéissen. An och den treie Begleeder op véier Patten dierf op puer vun de Plagen Deel vum Spaass sinn. Nieft Schwammen, besteet och d’Méiglechkeet Kanufueren auszeprobéieren, respektiv ze surfen oder ze seegelen, oder och mol en Tour mam Solarboot ze dréinen. Wien nach méi wäit an den Norde wëll, kann op Wäiswampesch fueren. Fir Grouss a Kleng ginn et hei genuch Aktivitéiten, an och Hobbyfëscher kommen hei op hir Käschten. Den Accès op deenen zwou Plazen ass gratis!

Och am aneren Eck vum Land besteet d’Méiglechkeet sech am Baggerweier zu Remerschen ofzekillen. Fir d’éischt nach en Tour am schéinen Naturpark maachen an d’Déierewelt entdecken, an dono dann op der Sandplage entspanen. Oder fir all d’Adrenalinfans: Stand-up Paddle ausprobéieren, Paddelbooter lounen, Beachvolley spillen oder am Sprangschlass dat ënnerlecht Kand eraus loossen. An och fir d’Hondsbesëtzer gëtt et eng gutt Nouvelle: E ganze Beräich just fir iech an är Hënn!

Fir déi ënnert iech déi léiwer déi waarm Summerdeeg a Schwämme genéissen: Ënnert anerem zu Gréiwemaacher, Uewerkuer, Syrdall an Iechternach lueden ënnerschiddlech Piscinnen dozou an einfach nëmme Stonnen dat schéint Wieder ze genéissen, a sech no Loscht ofkillen ze goen. Wien da léiwer op Chlorwaaser verzicht kann op Housen fueren a vum oppenen Naturbad profitéieren.

Wien och bei waarmem Wieder léiwer d’Séil baumele léisst a sech eng Auszäit am Wellness huele wëll, wärenddeem d’Kanner monter am Waasser puddelen, fir dee gëtt et zu Mondorf, Réiden a Stroossen dat Richtegt.

Egal ob mat der Famill, mat Kolleegen oder och einfach fir sech eleng: Handdicher a Sonnecrème apaken, an d’Oofkillméiglechkeeten uechtert Land entdecken!

Lauschtert eran

Hei fannt dir all Detailer zu den ënnerschiddleche Plazen:

Gréiwemaacher Schwämm

Adress: Kurzacht L-6794 Grevenmacher
Ëffnungszäiten: 10h00 bis 19h30
Präis: Erwuessener 7€ / Kanner < 18 Joer a Studenten 4€
Extra: Rutschban, Oppe Schwemm
Zousätzlech Info: Begrenzten Unzuel un Entréeën a Persounen am Baseng wéinst COVID-19

Réimecher Schwemm

Adress: Route du Vin L-5549 Remich
Ëffnungszäiten: 09h00 bis 20h00
Präis: Erwuessener 7€ / Kanner < 18 Joer a Studenten 4€
Extra: Rutschban, Oppe Schwemm
Zousätzlech Info: Begrenzten Unzuel un Entréeën a Persounen am Baseng wéinst COVID-19.

Domaine Thermal Mondorf

Adress: Avenue des Bains L-5601 Mondorf-les-Bains
Ëffnungszäiten: 08h00 bis 21h00 (Samschdes, Sonndes & Feierdeeg bis 20h00)
Präis: Variéiert je no Zäit a Forfait
Extra: Wellness, Thermal Bad

Auquasud Uewerkuer

Adress: 1 Rue Jeannot Kremer, 4671 Differdange
Ëffnungszäiten: 14h00 bis 19h30 (Weekends vun 10h00 un)
Präis: Erwuessener 5.50€ / Kanner < 16 Joer a Studenten 4.40€
Extra: Wellness, Rutschban, Baseng mat Stréimung
Zousätzlech Info: Online Reservatiounen méiglech 

Les Thermes Stroossen

Adress: Rue des Thermes L-8018 Strassen
Ëffnungszäiten: Méindes bis Freides: 11h30 bis 22h00 
Präis: 2 Stonnen: Erwuessener 7.50€ / Kanner a Jugendlecher 4.50€ / Kanner < 5 Joer 2€
3 Stonnen: Erwuessener 8.50€ / Kanner a Jugendlecher 5.50€ 
Ganzen Dag: Erwuessener 11€ / Kanner a Jugendlecher 8€ 
Extra: Wellness, Baseng mat Wellen, Rutschbanen

Réidener Schwämm

Adress: 28, rue de la Piscine L-8508 Redange
Ëffnungszäiten: Méindes a Mëttwochs: 12h00 bis 14h00 & 16h00 bis 21h00 // Dënschdes an Donneschdes: 12h00 bis 21h00 // Freides a Samschdes: 10h00 bis 21h00 // Sonndes: 09h00 bis 20h00
Präis: 1 Stonn: Erwuessener 4.50€ / Kanner a Studenten 3.50€//
2.5 Stonnen: Erwuessener 6.50€ / Kanner a Studenten 4.50€
Ganzen Dag: Erwuessener 10€ / Kanner a Studenten 9€ 
Extra: Wellness, Rutschban, Baseng mat Stréimung, Surfméiglechkeet

Aqua Park Beaufort

Adress: 87 Grand-Rue, 6310 Beaufort
Ëffnungszäiten: 10h00 bis 19h00
Präis: 5€
Extra: Rutschban, Oppe Schwemm
Zousätzlech Info: Et muss een online Tickete kafen.

Oppe Schwämm Ëlwen

Adress: 32, Rue Milbich L-9905 Troisvierges
Ëffnungszäiten: Méindes, Mëttwochs a Freides: 16h00 bis 19h00 // Dënschdes an Donneschdes: 13h00 bis 19h00 // Samschdes a Sonndes: 12h00 bis 19h00
Präis: Erwuessener 4€ / Jugendlecher a Studentenn (13 bis 18 Joer) 3€ / Kanner (4 bis 12 Joer) 2€

Aqua Park Kaul Wolz

Adress: 60, Campingstrooss L-9554 Wiltz
Ëffnungszäiten: 11h00 bis 19h00
Präis: 5€ / Kanner < 4 Joer gratis
Extra: Rutschban

Dikrecher Plage

Adress: hannert der Piscine, rue Merten L-9201 Diekirch
Ëffnungszäiten: Méindes bis Samschdes: 14h00 bis 19h30 // Sonndes: 14h00 bis 18h00
Präis: gratis
Extra: Beachvolleyball, Fussball

Aqua Nat'our Housen

Adress: 1A, Parc L-9836 Hosingen
Ëffnungszäiten: Méindes bis Mëttwochs a Freides: 15h00 bis 21h00 // Donneschdes: 13h00 bis 21h00 // Samschdes: 08h00 bis 20h00 // Sonndes: 09h00 bis 19h00
Präis: 2 Stonnen: Erwuessener 5.90€ / Kanner (vu 6 bis 16 Joer) 3.50€
4 Stonnen: Erwuessener 9.70€ / Kanner (vu 6 bis 16 Joer) 5.90€
En Dag: Erwuessener 11.80€ / Kanner (vu 6 bis 16 Joer) 8.50€
Extra: Wellness, Naturbaseng 

Syrdall Schwämm

Adress: 3, Routscheed L-6939 Niederanven
Ëffnungszäiten: Méindes: 11h30 bis 22h00 // Dënschdes bis Freides: 07h00 bia 22h00 // Samschdes a Sonndes: 09h30 bis 19h00
Präis: 1.5 Stonnen: Erwuessener (> 16 Joer) 5€ / Kanner a Jugendlecher (5-15 Joer) 3€
3 Stonnen: Erwuessener (> 16 Joer) 7€ / Kanner a Jugendlecher (5-15 Joer) 5€
En Dag: Erwuessener (> 16 Joer) 9€ / Kanner a Jugendlecher (5-15 Joer) 7€ 
Kanner (0 bis 4 Joer) si gratis.
Extra: Wellness, Rutschban
Zousätzlech Info: Et muss een online reservéieren.

Escher Schwämm

Adress: 1, Place des Sacrifiés 1940-1945 L-4115 Esch-sur-Alzette
Ëffnungszäiten: Méindes: 10h00 bis 21h45 // Dënschdes bis Freides: 07h00 bis 21h45 // Samschdes: 08h00 bis 17h45 // 
Sonndes: 08h00 bis 17h45
Präis: 3 Stonnen: Erwuessener (> 12 Joer) 6€ / Kanner (4 bis 11 Joer) 3€ / Kanner (0 bis 3 Joer) gratis
En Dag:  Erwuessener (> 12 Joer) 10.50€ / Kanner (4 bis 11 Joer) 6€ / Kanner (0 bis 3 Joer) gratis
Extra: Rutschban, Wellness