Op d’Fro : Wéi geet et dir haut? Ass d’Äntwert jo meeschtens aus Reflex ,,Gutt’’... mat puer einfachen Tipps kann dat dann och wierklech de Fall sinn!

Heiansdo ginn et einfach esou Deeg, do ass Freed gefillt e Friemwuert. Mee et ginn awer puer einfach Tipps wéi och dir schnell an zu all Moment d’Gléckshormoner aktivéiere kënnt, an erëm schnell besser gelaunt gitt:

1.Vill Beréierungen

Bei kierperleche Beréierunge gëtt Oxytocin am Kierper fräigesat. Dëst Hormon suergt fir Entspanung, a stäerkt gläichzäiteg dann och d’Bindung tëschent den 2 Parteien, déi sech beréieren. D’Gefill sech besser ze fille wann een een aneren ëmäerbelt huet, ass also duerchaus net nëmmen emotional bedéngt mee och kierperlech. Bei méi grousse Quantitéiten un Oxytocin, zum Beispill bei der schéinster Niewesaach vun der Welt, kann et dann och zum Orgasmus kommen.

2. Musek lauschteren

Egal ob als Karaoke Begleedung am Auto oder beim Raumen als Motivatioun: déi richteg Musek ass den ultimative Booster fir déi gutt Laun. An dat och wëssenschaftlech gesinn, well beim Musek lauschtere ginn Endorphiner fräigesat an déi hiewe bekanntlech d’Laun. Un all Hobbysänger an -Dänzer: leet lass, well duerch d’aktivt-Matmaache gëtt dësen Effekt souguer nach verstäerkt!

3. Sport maachen

Net nëmmen ass et gesond fir eise Kierper, mee bei sportlechen Aktivitéite gëtt och Dopamin produzéiert an dat suergt fir eng extra Portioun Motivatioun an e gutt Gefill. Dobäi spillt d’Sportaart keng Roll: Haaptsaach et mécht engem Spaass!

4. E Moment entspanen

Eng gutt Nouvelle fir all déi, déi och gären einfach mol näischt maachen: Beim Entspane klëmmt de Serotonin Spigel. Duerch geziilten Übungen, wéi zum Beispill Yoga oder och Meditatioun kann dëst verstäerkt ginn. Ma sech och einfach mol e Moment huele fir duerchzeootme ka berouegen a fir besser Laun suergen.

5. Einfach laachen!

D’ Wonnerwaff schlecht hin! Beim Laache gëtt nämlech souwuel Dopamin wéi och Serotonin fräigesat, a gläichzäiteg d’Stresshormon Cortisol ofgebaut. Egal ob wéinst engem schlechte Witz, oder einfach nëmme well engem grad dono ass: Ni e Laachen ënnerdrécken. Net just wéinst iech mee och fir déi Aner, well denkt drun: Laachen ass ustiechend!

Vermeit et just wa méiglech engem ze soen «Laach dach mol», dat kéint nämlech ganz séier d’Gléckshormon an de Keller dreiwen!

Lauschtert eran