An Zukunft sollen d'Streckeradaren op eise Stroossen fir méi Sécherheet suergen. Dës solle verstäerkt agesat ginn. 

Zejoert goufen et op eise Stroossen 242 grav Accidenter. Wéi de Mobilitéitsminister François Bausch e Mëttwoch op enger Pressekonferenz matgedeelt hat, waren dat der 24% méi, ewéi nach am Joer 2020. D’Zuel vun den déidlechen Accidenter, war an deem nämmlechten Zäitraum iwwerdeems vu 24 op 21 gefall. Bei dësen Accidenter waren zejoert insgesamt 24 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Dem Minister no, wier déi  mëttelfristeg Entwécklung op eise Stroossen iwwerdeems eng positiv. Tëscht 2013 an 2021 ass d'Zuel vun de graven Accidenter op eise Stroossen ëm 11 % - vun 273 op 242 - gefall. Bei den déidlechen Accidenter gouf et an dësem Zäitraum eng Baisse vun 49 %. Wärend 2013 nach 41 dëser Accidenter gezielt goufen, waren et der zejoert 21.

Et ass dann nach ëmmer esou, dass d'Landstroossen dee geféierlechen Deel vum Stroossennetz sinn. Zejoert haten 71 % vun den déidlechen Accidenter a 50 % vun de graven Accidenter op enger Landstrooss stattfonnt. Weiderhi war et dann och am Joer 2021 esou, dass de Groussdeel vun de graven Accidenter bei guddem Wierder am Summer oder am Hierscht geschitt sinn. Dem Minister no, wier eng méiglech Erklärung dofir, dass d'Leit sech bei dëse Konditioune méi liicht iwwerschätze géifen.

Den Undeel vun den Accidenter, déi op eng ze héich Vitess zeréckzeféiere sinn, ass iwwerdeems iwwert déi lescht 2 Joer gefall. Dem Minister no, wier dat esouwuel op déi fix Radaren, ewéi och op de verstäerkten Asaz vu mobille Radaren zeréckzeféieren. Dës géifen dofir suergen, dass sech op eise Stroossen eng nei Kultur etabléiere géif an, dass et manner Fäll ginn, an deenen d'Leit däitlech ze séier fueren. Well de provisoresche Bilan vum Streckeradar am Tunnel Markusbierg positiv gewiescht wier, wäerten där Radaren an Zukunft da verstäerkt an den Asaz kommen. An enger éischter Phas sollen dës an de groussen Tunnellen op der Nordstrooss installéiert ginn. Allerdéngs goufen zejoert däitlech méi Persoune schwéier oder déidlech blesséiert, well si kee Gurt unhaten, ewéi nach 2020. Dowéinst wäert de Mobilitéitsministère dann och deemnächst zesumme mat der Sécurité Routière eng Campagne lancéieren, bei där de Gurt am Fokus steet. Iwwerdeems geet den Undeel vun den Accidenter, bei deenen Alkohol oder Drogen am Spill sinn, erop. An dësem Zesummenhang huet de Minister dann och dorun erënnert, dass beim Cannabis am Stroosseverkéier eng Null-Toleranz-Politik gëlle wäert.

Déi meescht Chaufferen, déi zejoert a grav Accidenter verwéckelt waren, haten tëscht 18 a 44 Joer.

Lauschtert hei de Reportage!