No der Fro: ,,Wat grille mir?", kéint villäicht och d'Fro: ,,Wéi grille mir?" opkommen. All Aart ze grillen huet nämlech seng Virdeeler...

D’Temperature ginn an d’Luucht, et gëtt méi spéit däischter, an dat heescht natierlech just eppes: de Summer ass nees do! Spéitstens no de leschte Summerdeeg misst dann och d’Grillsaison bei all Mënsch schonn offiziell ageleet gi sinn. Egal ob Wupp, Fësch oder Geméis, alles kann op de Grill, mee wéi grillt et sech am beschten?

Grille mat Holzkuelen

Ass fir déi meeschte selbstverständlech mam Begrëff ,,Grillen'' gemengt. E Grillblech an drënner Holzkuelen an da kann een de Summer scho richen. Et ass dann och déi einfachste Versioun vun engem Grill, déi een dann och a méi klenge Versioune fënnt fir op den nächste Picknick matzehuelen. Grillanzünder, egal op flësseg oder a Form vu Bricketten, ass béi dëser Form vu Grillen e Muss, wann een net ze laang well op säin Iesse waarden.

Grille mat Gas

Bei de Grillexperten ëmmer méi beléift, well sech dann hei d’Temperatur einfach reguléiere léisst. Jee no Variant gëtt et de Gasgrill mat ënnerschiddlech vill Brenneren, fir dat dann och d’Wuppen op indirekter hëtzt net direkt zerplatzen an de Burger awer gläichzäiteg déi klassesch Grillsträife kréie kann. Nach e grousse Virdeel wann d’Gäscht schonn hongereg ukommen: De Grill ass relativ direkt waarm an et kann ee schnell lassleeën.

Grille mat Elektresch

Un d’Steckdous schléissen an direkt lassleeën. Direkt eng gutt Nouvelle fir all déi, déi ëmmer soen dat d’Botzaarbechte beim Grillen ze ustrengend sinn: D’Botze vum Grillblech bei engem E-Grill ass doduerch dat manner Hëtzt entsteet vill méi einfach. Dëse Grill huet dann och e Behälter dee mat Waasser gefëllt gëtt an d’Fett vum Gegrillten opfänkt, deen nom Grillen ganz einfach eidel gemaach ka ginn a scho war et dat mam botzen. Och d’Ausso: Beim Grille richen d’Kleeder dono ëmmer sou, ka mat engem E-Grill widderluecht ginn, well heibäi net vill Damp entsteet, a keng fossil Brennstoffer genotzt ginn. Doduerch kann een dann och behaapten dat dëst Variant am gesondsten ass, natierlech dovunner oofhängeg wat dann op de Grill kënnt.

Déi eng schwieren op de Goût dee beim Grille mat Kuelen entsteet, déi aner op déi gutt kontrolléierbar Hëtzt vum Gasgrill oder awer op d’Botz a Gerochsvirdeeler vum E-Grill. Wéi och bei anere Saache gëllt: Einfach mol ausprobéieren an äre perséinleche Favorit fir d’Grillsaison fannen!

Lauschtert eran