Wien huet sech schonn e mol d’Fro gestallt: Wéi Staren et ëmmer packen all déi spektakulär Stunts ze iwwerliewen? Ma heiansdo gëtt et scho mol méi knapp...

An de meeschte Fäll sinn déi spektakulär Filmstunts natierlech drop zréck ze féieren, dat entweder an der Postproduktioun bëssen nogehollef gouf oder awer natierlech och Stunddoubel zum Asaz kommen. Et ginn awer och Fäll wou et scho mol fir d’Schauspiller bësse bei kriddeleg ginn ass.

D’Jennifer Lawrence, besser bekannt als Katniss Everdeen vun der Filmrei Hunger Games, ass dann eng kéier bal um Set erstéckt, well hatt den Damp vun enger defekter Niwwelmaschinn ageotemt huet. Beim Halle Berry ass da bal eng ganz romantesch Zeenen, als Bondgirl mam Pierce Brosnan, schif ausgaangen. Déi 2 sollte wärend engem Kuss eng Fig deelen, un déier d’Schauspillerin da bal erstéckt wier, wann de 007 net schnell reagéiert hätt.

Am Film ,,Now You See Me” ass d’Isla Fischer gefesselt an engem Waassertank ze gesinn, an dat mat enger wierklech iwwerzeegender Angscht an den Aen. Dat war an deem Moment net aussergewéinlecht schauspillerescht Talent, mee reell Angscht well d’Ketten sech esou verhädert haten, dat d’Schauspillerin net méi un de Panik Knapp komm ass. Beim Diane Kruger war dann och d’Angscht reell, wei hatt an ,,Inglorious Bastards’’ den Hals zougehale krut, d’Kënschtlerin wosst nämlech net dat ee vun hanne wierklech géif probéieren hatt fir e kuerze Moment ze erstécken.

De Jackie Chan ass dofir bekannt a senge Filmer déi meeschte Stunts selwer ze maachen, och déi méi geféierlech: An engem Film sollt hie vun enger Mauer weider op e Bam sprangen. Dobäi ass awer den Aascht ofgebrach, an hien ass op e Fiels gefall. Dobäi ass säi Schierbel gebrach a Knachenspläitert an d’Gehier gedrongen, dat huet en awer net dovunner ofgehale weider ze maachen. Och de Johnny Depp ass schonn eng kéier méi uerg verletzt ginn, wei hie vum Päerd gefall ass an déi Réider hannendrun net méi mat Zäiten auswäiche konnten.

Vum Päerd gefall ass de Viggo Mortensen, besser bekannt als Aragorn aus Lord of the Rings, dann net, dofir awer einfach mol iwwert ongeséchert Militärgebitt geridden. Eng Plaz wou dann och nach vill potenziell Bommen leien, a soumat bei all falschem Schrëtt alles him hätt kéinten em d’Ouere fléien. Dem Sylvester Stallone ass et da wierklech em d’Ouere geflunn, wéi hie beim Dréi vu Rocky 4 vu sengem Géigner op de Kapp geschloe gouf. Dobäi huet hien esou fest zougeschloen datt dem Stallone säin Häerz stoe bliwwen ass an dësen doropshin 4 Deeg op der Intensivstatioun verbruecht huet...

Lauschtert eran