Et ass offiziell: D'Streaming-Plattform bestätegt d'Fortsetzung vun der erfollegräichster Serie vun Netflix.

Dem Streaming-Déngscht Netflix ass et scho mol besser gaangen, vun dohier ass d'Noriicht vun der Squid Game-Fortsetzung net verwonnerlech. Ëmmerhin ass et déi erfollegräichste Serie an esou kéint een e puer Cliente zréck gewannen oder wéinstens halen. Ma genuch vum Streamingdéngscht selwer, komme mer zu dem Grond vun der Virfreed: Mat engem kuerze Clip op Twitter huet Netflix d'Staffel 2 vu Squid Game confirméiert an en 10 Sekonne laangen Teaser verëffentlecht.

De Video weist d'An vun enger animéierter Popp, warscheinlech der "Young Hee"-Popp aus der éischter Staffel. Mat de Wierder "Squid Game kënnt offiziell fir Staffel 2 zréck", war dunn alles gewosst. Alles ausser wéini et viru geet, dat bleift nach op.

Ennert dem Clip gëtt et dann och e Statement vum Regisseur an Erfinder Hwang Dong-hyuk ze liesen an deem hien Detailler verréit: "Den Gi-hun kënnt erëm. De Frontmann kënnt zréck".

RTL

© Screenshot Twitter / @netflix