D'Liewen als Profisportler ass enorm strukturéiert. De Matthieu Osch probéiert trotzdeem Zäit fir Famill a Frënn ze fannen.

Profisportler ass kee Beruff, deen et alt ze dacks gëtt. Wann een dann och nach kee Fussballspiller, mee e professionelle Schifuerer ass, ass dat Ganzt sécherlech nach eng Kéier eppes méi Besonnesches. Ma genee dat ass de Matthieu Osch. Eldoradio hat sech mat deem jonken Athlet iwwert säi Wee bei de Schisport, säin Alldag als professionelle Schifuerer a seng Relatioun mat Lëtzebuerg ënnerhalen.

D'Schifuere läit an der Famill

De Matthieu Osch krut de Schi-Sport quasi an d’Wéi geluecht. Scho säi Grousspapp a säi Papp ware begeeschtert Schifuerer. Ma de Matthieu hat sech allerdéngs decidéiert de Schisport op engem nach méi professionellen Niveau auszeüben. Bis op 3ème war hien awer net nëmme Schi gefuer, mee hat och Volleyball gespillt. Dunn hat hien allerdéngs eng Decisioun getraff sech komplett op d’Schifueren ze fokusséieren.

Als Profisportler ass den Dag duerchgeplangt

Dat hat deen Ament och bedeit, Lëtzebuerg ze verloossen an an eng speziell Schoul an Éisträich ze goen. An dëser Schoul war de Stonneplang dann och esou adaptéiert, dass d'Schüler am Wanter manner an dofir am Summer méi Schoul haten. Dat hat et dem Matthieu erméiglecht, fir esou vill Zäit ewéi méiglech op de Schier ze verbréngen.

Och haut lieft de Matthieu Osch de gréissten Deel vum Joer an Éisträich. Zu Innsbruck fënnt hien déi ideal Konditiounen, fir sengem Alldag als Sportler nozegoen, vir. En Alldag, dee sech virun allem duerch seng Struktur auszeechent. Moies geet et op de Bierg, fir ze trainéieren. Wann hien nom Training heem kënnt, bleift him da vläicht eng Stonn Zäit, fir ze recuperéieren, éier hie sech ëm den Zoustand vu senge Schier këmmere muss. Owes steet da vläicht nach eng Eenheet Konditiouns-Training um Programm, éier et dann nees fréi an d'Bett geet, fir den Dag drop nees fit ze sinn.

Wéi gesäit et mat Famill, Frënn an der Relatioun mat Lëtzebuerg aus?

Trotz dësem chargéierte Programm probéiert de Matthieu Osch nach Zäit fir Famill a Frënn ze fannen. Virun allem fir déi wichteg Rendezvousen ewéi zum Beispill Chrëschtdag, géif hei probéieren, fir bei d'Famill op Lëtzebuerg ze kommen. Ma hien hätt awer och grad duerch säi Sport vill Frënn aus allen Ecker vun der Welt kennegeléiert.

D’Zil vun deem ganzen Training ass awer natierlech de sportlechen Erfolleg. Hei waren déi 2 Participatioune bei den olympesche Wanter-Spiller sécherlech den Highlight vum jonke Sportler senger Karriär. Och hei konnt hien op d’Ënnerstëtzung vun de Kolleegen aus Lëtzebuerg zielen. Verschiddener wieren esouguer extra an der Nuecht opgestanen, fir seng Course zu Peking ze kucken. Dat wier flott a géif dann och nach eng Kéier zousätzlech motivéieren.

Fir sech op d’Zäit nom Sport virzebereeden, huet de Matthieu Osch iwwerdeems e Fern-Studium ugefaangen. Ob hien no senger Karriär nach eng Kéier zeréck op Lëtzebuerg kënnt, weess hien nach net. Virstellen, kéint hie sech dat awer duerchaus.

Lauschtert hei de Reportage!