Den Justin Bieber huet seng Concerte misse verleeë well hien ënnert dem Ramsay-Hunt-Syndrom leit. Hei fannt dir Informatiounen zu dëser Krankheet.

De Ramsay-Hunt-Syndrom ass eng relativ seelen infektiéis Krankheet, déi am Fong eng Komplikatioun vun der Gürtelrous ass. D’Gürtelrous ass eng Reaktivatioun vun de Waasserpouken. Fir déi Leit déi d’Pouke schonn haten, bleift de Virus duerno inaktiv am Kierper, mee kann nees reaktivéiert gi wann zum Beispill verschidde Facteuren den Immunsystem schwächen.

Lauschtert eran!

Eng spezifesch a seelen Zort vun der Gürtelrous nennt sech "Herpes Zoster Oticus". Dës kann dann de Ramsay-Hunt-Syndrom ausléisen. Dës Krankheet gouf nom amerikaneschen Neurolog genannt dee se 1907 entdeckt huet. Beim Syndrom kann een also ënnert enger Gesiichtslämung leiden. Verloscht vum Gehéier kann och mat der Komplikatioun verbonne sinn. Méi genee ginn d’Nerven am Ouer an am Gesiicht ugegraff.

Esou eng Lämung ka just eng kuerz mee och eng länger Zäit daueren. Et kann een esouguer permanent geläämt sinn. Verschidde Leit leiden och ënner Schwindel. Aner Symptomer si rout Blosen an Ausschlag um Gesiicht.

Well d’Nerve beim Syndrom ugegraff ginn, kann et och zu Stéierunge vun der Geschmaach-Funktioun a vun de Tréinen-, Nues- a Späichelsekreeter kommen. Donieft kann et schwiereg oder bal onméiglech sinn säin Aa zouzemaachen. Am allgemenge geet de Risiko vun dëser spezifescher Gürtelrous-Erkrankung, an domat vum Ramsay-Hunt-Syndrom, mam Alter an d’Luucht.

D’Krankheet kann ee bekämpfen andeems een anti-viral Medikamenter an Anti-Inflammatoiren asetzt. Och Übunge fir d’Gesiicht ginn hei verschriwwen, fir eng Reeducatioun z’erméiglechen.