A Spuenien gi laut dem Landwirtschaftsministère pro Joer 1,36 Milliounen Tonne Liewensmëttel ewech geheit. Dat entsprécht 30 kg pro Bierger!

Dogéint wëll déi spuenesch Regierung awer elo virgoen an dat mat engem néie Gesetz: Entreprisen, déi Liewensmëttel verschwenden, solle bestrooft ginn.

Esou soll dann zum Beispill den sougenannten "Doggy Bag" a Restauranten automatesch ugebuede ginn an de Präis vu Liewensmëttel am Supermarché, déi kuerz virum Oflafdatum sinn, soll erof gesat ginn. Méi grouss Entreprisen aus der Branche sollen da konkret Pläng ausschaffen, wéi si d’Liewensmëttelverschwendung reduzéieren kënnen. Dozou gehéiert dann och dat Spende méi genotzt a virun allem besser organiséiert solle ginn.

Wien sech net dorunner hält muss mat enger Geldstrof tëscht 2.000 a 60.000 Euro rechnen. De Gesetzesentworf gouf vun der Regierung schonn ugeholl a soll dann och an den nächsten Deeg am Parlament zu Madrid presentéiert ginn. Ufank 2023 soll d’Gesetz a Kraaft trieden, fir esou séier wéi méiglech der Produktioun vu Liewensmëtteloffäll, déi sech evitéiere loossen, en Ënn ze bereeden.

Bis ewell hunn an der EU just Italien a Frankräich änlech Gesetzer fir géint Liewensmëttelverschwendung virzegoen. Esou musse Supermarchéen a Frankräich, ab enger gewësse Gréisst, net verkaafte Liewensmëttel un wueltäteg Organisatioune spenden. Am Géigesaz dozou gëtt an Italien net mat Strofe geschafft, dofir awer mat Belounungen: Wien wéineg ewech geheit kann hei ënnert anerem vu méi nidderege Stéiere profitéieren. Mat Spuenien kéint ee jo eventuell hoffen dat och aner Länner elo nozéien!

Lauschter eran

Méi Infoe wei och dir géint Liewensmëttelverschwendung kënnt virgoe fannt dir hei.