Deel vum “Obama Leader Foundation Programm” ze sinn ass cool, ma am Interview verréit d’Aktivistin eis säi wierklecht Highlight.

Selwer eppes veränneren an dëser Welt a gläichzäiteg anere Jonken e Virbild si fir sech och ze engagéieren, dat ass d’Zil vum Jana Degrott : Aktivistin, Politikerin a Studentin. Ugefaange sech politesch ze engagéieren huet d’Jana scho fréi, ma dobäi huet et séier gemierkt, dass een als schwaarz Fra an esou Positiounen net just ënnerrepresentéiert ass mee och ëmmer nach mat Virurteeler ze kämpfen huet.

Mat "We Belong Europe" huet d’Politikerin dowéinst eng Plattform matgegrënnt, déi e safe space fir Minoritéite schafe soll. Ausserdeem schafft een u méi Representatioun an Inclusioun fir en Europa ouni Diskriminatioun.

Firwat dëse Sujet dem Jana Degrott esou wichteg ass? Éischtens well et aus éischter Hand weess, wéi schwéier et ka sinn als jonk schwaarz Fra an der Politik eescht geholl ze ginn an et elo dat Virbild fir anerer wëll sinn, dat hatt sech deemools gewënscht hätt. An zweetens well säi klenge Brudder um Spektrum vum Autismus ass an him d’Thematik vun Inclusioun dowéinst immens um Häerze läit. E Gefill, dat och wärend dem Interview vermëttelt gëtt, esou passionéiert wéi d’Jana Degrott vu sengen Usiichten a Projete schwätzt. Dëst mécht et natierlech net just op Konferenze mee och op de sozialen Netzwierker. Ma dat eréischt nodeems seng Frënn et drop opmierksam gemaach hunn, dass et esou vill méi op Instagram ze deelen huet wéi just Selfien. Och wann dat net verkéiert ass, huet d’Jana erkannt, dass et seng Reechwäit fir méi notze kann, et huet seng Stëmm online fonnt an dës virun allem wärend der Pandemie aktiv gedeelt.

D’Resultat: Säin Numm ass an engem Obama Fondatioun-Forum gefall a kuerz drop krut d’Aktivistin eng E-Mail vun der Organisatioun an eng Ufro fir e Video-Call. Dat engt huet zum anere gefouert an och wann d’Jana Degrott et ufanks net realiséiert huet: Hatt ass eent vu 36 ugoende Féierungskräften, déi et an den "Obama Fondation Leader Programm" gepackt hunn.

Hei gi jonk aflossräich Aktivist*Innen a Politiker*Inne matenee verbonne fir sech ënnereneen auszetauschen an ze ënnerstëtzen. Fokusséiert gëtt sech bei den "Europe Leaders" op Theme wéi Mënscherechter, Klimawandel oder och d’Stäerke vun der Demokratie. D’Participante gi 6 Méint laang duerch Kueren, Meetings a Seminäre gefërdert an och Mentore ginn hinne zur Säit gestallt. D’Zil ass et engersäits positiv Verännerungen an innovativ Iddien no vir ze dreiwen an anerersäits och engagéiert Jonker zesummen ze bréngen. Der Aktivistin no, huet hatt dacks d’Gefill, dass aner Leit seng Passioun net wierklech novollzéie kënnen an et sech doduerch heiansdo selwer als "too much" empfënnt, ma duerch de Programm géif et sech endlech verstane fillen a seng Ziler wären doduerch just nach méi grouss ginn.

RTL

© Obama Foundation

Ma och wann et houfreg dorop ass Deel vum Programm ze sinn, wär dëst net säin Highlight. Et géif nämlech net just em de Status goen, ma virun allem ëm dat eegent Wuelbefannen.

Lauschtert iech hei de Reportage un!

«Mir brauche méi Visibilitéit fir Minoritéitsgruppen, mir brauche méi Support. Lëtzebuerg ass esou divers. Mir zelebréiere keng Diversitéit wa mer se net representéieren an Diversitéit geet och net ouni Inclusioun.»

A genee dofir fënnt d’Jana Degrott wär et un der Zäit Strukturen opzebauen, déi Support ubidden a Leit aus Minoritéitsgruppe fërderen. Déi Jonk sinn nämlech net just, wéi Politiker gäre soen "d’Zukunft", se si schonn do an hunn eng Stëmm, et muss een hinne just d’Dieren opmaachen an nolauschteren.