Zwee Lëtzebuerger hunn sech zesummegedoe fir hir eege Kleedermark ze entwéckelen: Gutt Qualitéit mat innovativem Design fir Jonker mat méi klengem Budget.

«Mir designe Kleeder déi mir selwer gäre gehat hätten», dat ass de klore Message vum Bob an Thibaud. An dofir stinn si dann och elo mat hirer Kleedermark MaliciousWORLD, nämlech Kleeder vu Jonker fir Jonker mat engem méi klenge Budget, déi awer net op Qualitéit wëlle verzichten.

D’Iddi fir eng Kleedermark ass dem Bob an der Summervakanz 2020 komm, a fir hie war dann och direkt kloer dat hien den Thibaud wollt mat dobäi hunn. Deen een organiséiert d’Entreprise a këmmert sech em d’Finanzen an den aneren designt a bitzt, an dat mam Verspriechen alles selwer ze maachen. Virun allem a punkto Design sëtzen déi Zwee dann op Texturen a Formen,,Eppes mat engem gewësse kënschtlereschen Usproch, wat bezuelbar ass, an net mega rausstécht awer op eegen Aart a Weis speziell ass". Eng Nisch déi et an hiren Aen esou zu Lëtzebuerg nach net gëtt.

An dofir stinn si dann och, nämlech en Ausdrock, natierlech vun hirer Säit aus, awer och fir deen, deen d'Kleeder unhuet. Virun allem zu Lëtzebuerg hunn da kleng Entreprisen hirer Meenung no vill Virdeeler, dat och zu engem groussen Deel wéinst dem Support!

Och an Zukunft wëllen si all Méiglechkeet notze fir sech weider ze entwéckelen,,Am Moment ass d'Brand en eidele Canvas an dorop kënnen ech an hien molen". Dofir notzen si dann ëmmer déi vergaangen Erfarungen a reflektéiere vill, fir dann och dorausser ze léieren. Dat alles soll dann och an der nächster Kollektioun ze gesi sinn!

Lauschtert hei de ganzen Interview!