Well d'Corona-Situatioun sech berouegt huet, konnt d'Stad Lëtzebuerg um Dënschdeg no 3 Joer endlech e ganz normale Programm fir de Summer virstellen.

Virun allem ass no 3 Joer nees endlech den übleche Programm um Virowend vun Nationalfeierdag an op Nationalfeierdag selwer, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D'Festivitéite goufe relativ spéit organiséiert well een natierlech vun der sanitärer Situatioun ofhängeg war.

Lauschtert eran!

Virowend vun Nationalfeierdag an Nationalfeierdag

Den 22. Juni gëtt nees den traditionelle Fakelzuch organiséiert an der Presenz vum Grand-Duc. D'Freedefeier gëtt dann um 23h00 vun der Adolphe-Bréck ofgeschoss an dauert 17 Minutten, esou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt. Animatioune ginn et an der ganzer Stad ënner anerem op der Plëss. D'Festivitéite gi bis 3h00.

Op Nationalfeierdag selwer fänkt déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie un.

Op musikaleschem Plang gëtt och munches organiséiert. Virun allem um Glacis ass d'Event "City Sounds - Glacis in concert" . Den 22. Juni trëtt do ënner anerem den DJ Alle Farben op an den 23. Juni Claire Parsons 'In Geometry' Septett, Emeli Sandé an de Rag'N'Bone Man. Den Entrée ass gratis. Am beschte soll een net mam Auto an den Zentrum vun der Stad kommen.

"Summer an der Stad"

Iwwert de ganze Summer ginn also vill Aktivitéiten an Evenementer organiséiert. Ee wichtegt Event ass d'Fête de la Musique de 17. Juni mat 7 verschidde Bünen. Am Märeler Park gëtt de "Summer am Park" organiséiert, dat tëscht dem 15. Juli an dem 11. September.

Beim Palais fënnt tëscht dem 22. an 30. Juli den "City Open Air Cinema" statt. Vun Mëtt Juli bis Mëtt September 2022 ginn d'Stroossen an der Stad am Kader vun "Summerstreets 2022" dekoréiert, esou de Stater Schäffe Serge Wilmes. Ënner anerem op der Paräisser Plaz gëtt e Mini-Eiffeltuerm vu 14 Meter opgestallt. Ganz vill aner Events ginn natierlech organiséiert, wéi de "Kinnekswiss loves..." mat klassescher Musek.

Wat d'Schueberfouer ugeet, ginn d'Detailer op engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt.