D’Kommentaren op de soziale Medien, d’Gesetzer a verschiddene Länner an d’Intoleranz vu vill ze ville Leit schwätze fir sech!

"Brauch keen", "ech froe mech just wéi vill Verstees de mech mir all nach mussen opweisen" oder "eeeeh egal wat Eldoradio schummt iech" - Dat ware just e puer vun de Kommentaren, déi duerch d’Changéiere vun eisem Logo am Kader vum Pride Mount ausgeléist goufen. Natierlech gouf et och Support an Toleranz, ma genee déi puer intolerant, a soe mer wéi et ass homophob Mënschen, beweisen: JO och nach am Joer 2022 gëtt de Pride Month gebraucht.

Fir all déi, déi de Grond net erkennen. Et geet an dësem Mount net just dorëms, dass Marke reeboufarweg Produiten eraus bréngen, Partye gefeiert ginn oder "Pinkwashing" bedriwwe gëtt, et geet ëm Gläich- an Existenzberechtegung! 30 Joer ass et hir, dass d’WHO offiziell erkläert huet, dass et sech bei Homosexualitéit net ëm eng Krankheet handelt. Ma Stand vun den Zuelen 2020 zielt et an 69 Länner nach als Verbriechen Deel vun der LGBTQIA+ Community ze sinn an 11 Länner steet esouguer nach d’Doudesstrof drop. Weltwäit erlaben 30 Länner d’Bestietnis tëscht gläichgeschlechtleche Koppelen, an der Schwäiz wäert et zum Beispill eréischt dëst Joer am Juli a Kraaft trieden!

Wärend heterosexuell Koppele sech also an der Reegel keng Gedanken dorëms musse maachen ob et sécher ass mat hirem Partner / hirer Partnerin Hand an Hand duerch d’Stroossen ze lafen, ass dëst fir Mënschen, déi net zu der "heterosexueller Norm" zielen, e Schrëtt, dee ganz aner Suerge a potentiell Gefore mat sech bréngt. Vun netubruechte Kommentaren a blöde Witzer, déi ganz dacks als "harmlos" agestuuft ginn, awer Homophobie, Transfeindlechkeet a Weideres fërderen, mol ofgesinn.

Lauschtert iech hei d'Reportage un!

Firwat brauche mer also de Pride Mount? Ganz konkret wéinst institutioneller a gesellschaftlecher Diskriminéierung géint queer Mënschen. Awer och fir sech der Geschicht bewosst ze ginn an deene Leit Respekt ze weisen, déi fir déi Erfolleger gekämpft hunn, déi mer haut scho kënne feieren. An natierlech fir all deene Mënsche Courage a Solidaritéit mat op de Wee ze ginn, déi Angscht hunn hir Sexualitéit an Identitéit oppen auszeliewen.