En Samschde kommen an der Groussgaass d'Mini-Entreprisen zesumme fir hir Produiten ze presentéieren a virun allem awer och fir sech auszetauschen!

De Pop-Up Atelier gëtt vun der FJD organiséiert a bitt e Samschden den 18. Juni e Kader fir Jonk Entrepreneuren an hir Mini-Entreprisë fir sech ze presentéieren. Hei steet awer net nëmmen d'Vermaartung vun hire Produiten am Zentrum, mee virun allem awer och den Austausch ënnert sech, mat de Visiteuren an awer virun allem och mat aneren erfuerenen Entrepreneuren aus dem Milieu.

Ëm déi 10 Mini-Entreprisë wäerte vertruede sinn: Vun Kleeder, déi éischter lokal inspiréiert sinn, bis hin zu Poschen an Accessoirë mat engem afrikaneschen Touch ass vun allem dobäi. Oft läit de Fokus hei op dem Upcycling vun ale Saachen, awer och d'Individualiséierung vu Produiten. Et sinn awer oft och Méiglechkeete fir déi Jonk sech auszedrécken, sech mat Themen ze beschäftegen an och ze sensibiliséieren.

Ambitioun, Innovatioun an Echange sinn hei d'Stéchwierder. Doriwwer eraus steet fir vill Projeten dann och d'Hëllef am Fokus, an dofir gëtt dann och en Deel vum Erléis un e gudden Zweck gespent. Nieft dem Volet Mini-Entreprisë gëtt et och d'Méiglechkeet eppes ze drénken an ze iessen a fir Animatioun ass dann och gesuergt, dat ënnert anerem mat engem selwer entwéckelte Puzzle.

E wichtege Message wier awer dem Organisateur Christian Schlesser no: Laanscht kucke kommen an d'Passioun vu Jonken Entrepreneuren hei am Land entdecken:

“Déi Jonk Entrepreneure vun Haut sinn d’Entrepreneure vu muer. Desto éischter mir sie ënnerstëtzen an hinne konstruktive Feedback zu hire Produkter ginn, desto besser wäerte sie an Zukunft der Gemeinschaft Léisunge bidde kënnen.”