E Samschdeg wäert zu Biwer e ganz besonnesche Fussballmatch gespillt ginn. Dobäi soll et virun allem em de gudden Zweck an ëm de Spaass goen.

De Luca Tommasi, den Thierry Kruchten an de Stefan Guden sinn allen 3 begeeschtert fir de Fussball. Anescht ewéi vill Fussball-Fans, zitt et si awer net an déi grouss Stadie vun der Welt, fir ze gesinn ewéi professionell Ekippe géinteneen untrieden an och d'Lëtzebuerger BGL-Ligue ass hinne guer net mol esou wichteg. Als "Missioun Grottekick" reesen si nämlech all Weekend op d'Terraine vun der zweeter an der drëtter Lëtzebuerger Divisioun, fir sech do, deen een oder anere Match unzekucken. Ma déi 3 Kolleege kucken awer net nëmme Fussball, mee notzen dësen och, fir eppes fir de gudden Zweck ze maachen. Schonn zënter e puer Joer beweisen si, dass et keng Welt-Stare brauch, fir mam Fussball eppes positives ze bewierken. Eldoradio huet mat 2 Membere vun der Missioun Grottekick iwwert hir Begeeschterung fir authentesche Fussball an iwwert déi neisten Editioun vum Grottekick fir de gudden Zweck geschwat.

E Fussball deen nach authentesch ass

Wéi de Luca  erkläert, géif d’Begeeschterung, fir de Fussball an den ënneschten Divisioune virun allem dohier kommen, dass dësen nach net duerch-kommerzialiséiert wier. Et wier e Fussball, hannert deem nach net tonneweis Sue stieche géifen a bei deem d'Authentizitéit nach op der éischter Plaz stoe géif. Dat wéissten d'Membere vun der Missioun Grottekick nëmmen alt ze gutt. Ëmmerhin, wieren 2 vun hinnen, laang Zäit selwer op dësem Niveau aktiv gewiescht.

Schlechte Fussball fir de gudden Zweck

2018 war dunn d’Iddi entstanen, fir déi éischte Kéier eng Ekipp vun Hobby-Spiller zesummenzetrommelen an e Match géint e richtege Veräin ze spillen. Et wier nämlech esou gewiescht, dass ëmmer nees Fussballer aus dem Ausland geduecht hätten, dass et sech bei der Missioun Grottekick ëm e Fussballveräin handele géif. Déi 3 Fussball-Fans kruten dowéinst ëmmer erëm Ufroe vun auslännesche Spiller, déi bei hinnen e Prouf-Training maache wollten. Dat hat bei hinnen de Gedanken opkomme gelooss, dass et dach eigentlech lëschteg wier, selwer nach eng Kéier fussballeresch aktiv ze ginn.

Ma d’US Folscht, géint déi d’Grottekicker deemools ugetruede waren, hat d’Propose gemaach, Entrée fir de Match ze froen an d'Suen, déi esou géifen erakommen, fir de gudden Zweck ze spenden. Doduerch war d’Iddi entstanen, fir reegelméisseg dëser Matcher, fir de gudden Zweck, ze organiséieren. Dëst Joer ass de Choix vum Veräi mat deem d’Missioun Grottekick zesummeschafft, dann op den FC Jeunesse Biwer gefall. Dem Thierry no, wäert d’Spectateuren, e Samschdeg e Match erwaarden, wéi se en esou warscheinlech nach net gesinn hunn. Et sollt een sech allerdéngs keen alt ze héije sportlechen Niveau erwaarden.

Lauschtert hei bis eran!

De Spaass an de gudden Zweck matenee verbannen

Nieft dem sportlechen Effort, soll et awer virun allem em de Spaass an de gudden Zweck goen. Dowéinst wäert nom Match dann och eng Party stattfannen. D’Entrée fir dee ganzen Event kascht Minimum 5 €. Ma et steet awer jidderengem fräi méi Suen fir de gudden Zweck ze spenden. Alleguer d'Recette vum Match wäerten nämlech un Trisomie 21 Lëtzebuerg gespent ginn.

Och d’nächst Joer soll iwweregens nees schlechte Fussball fir de gudden Zweck gespillt ginn. Den Opruff, un d’Veräiner fir, beim Grottekick 2023 matzemaachen, gëtt nämlech deemnächst lancéiert.