Am Kader vun hirer Sensibiliséierungscampagne huet d’Fondation Cancer eng Aktioun an d’Liewe geruff déi virun allem u kleng Kanner geriicht ass.

Hei gi Stickeren ausgedeelt déi op d’Haut gepecht gi wéi en Tattoo. Den Tattoo huet d’Form vun engem Elefant. 43.000 Stickere ginn an d’Schoule geschéckt an d’Enseignante verdeele se un d’Kanner tëscht 6 an 10 Joer. Elefante goufen erausgesicht well dës Déieren sech och mat Bulli virun der Sonn schützen.

Lauschert eran!

Mee wat ass de Gedanken hannert deem Tattoo? D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer erkläert dass den Tattoo duerchsichteg ass wann een en oppecht mee wann een an d'Sonn geet verfierft e sech a mof. Wann een awer Sonnecrème op den duerchsiichtegen Tattoo dropmécht ier een erausgeet da bleift en duerchsichteg.

D’Zil wier et de Kanner z’erklären dass d’UV-Strale geféierlech fir d’Haut sinn, och wann ee se net gesäit. Mat de Stickere gëtt also dës Gefor visualiséiert. Et wëll een nämlech de Kanner ze verstoe ginn dass d’Sonnecrème schützt.

Dës Stickere ginn och am Kader vun den 19 Sonnecrème-Statioune verdeelt. Dës si vu Mëtt Juni bis Mëtt September uechter d’Land disponibel. D’lescht Joer gouf et an deem Kader e positive Feedback, esou d’Lucienne Thommes. D'lescht Joer waren nees 10 Statiounen opgestallt, elo ass et also dat duebelt well eng Partie Gemengen och nach matmaache wollten.

Och wann déi meescht Leit wëssen dass een net ze laang an der Sonn soll bleiwen, erënnert d’Fondation Cancer drun dass een all zwou Stonnen d’Sonnecrème benotze soll an dass een e Sonnebrëll an en Hutt undoen. E Sonnebrand, zemools bei jonke Kanner, erhéicht de Risiko vun Hautkriibs. Kanner ënner 3 Joer sollen net der Sonn ausgesat ginn.

RTL

© Eldoradio