Dëse Weekend sinn d'Finalle vun de Post Esports Masters an dir kënnt live mat dobäi sinn!

No engem erfollegräichem Championnat trieden déi beschte Spiller vu Rocket League, Clash Royale a Fifa22 vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun géint eneen un.

An engem Sall vun 900 m2 mat 200 Plazen an enger Bün vu 60 m2 gëtt eng grandios Show gebueden. Ausserdeem ginn et 3 Samsung Galaxy S22 Ultra ze gewannen!

Reservéiert hei elo schon är gratis Plazen!

Suivéiert d'Event hei live op Twitch!

© Post Esports Masters

Praktesch Informatiounen

  • 25. - 26. Juni 2022
  • Luxexpo the box (10, circuit de la foire internationale L1347 Luxembourg)
  • ënnert all de Visiteure ginn 3 Samsung Galaxy S22 Ultra verspillt

Programm

Samschden 25.06.

  • 10h00 - 14h30 FIFA22 Finallen
  • 15h00 - 19h00 Clash Royale Finallen

Sonndeg 26.06.

  • 10h00 - 18h00 Rocket League Finallen

Finalisten

FIFA22
Shadoow (BEL), LouisLux (LUX), Abdoubrown (FRA), Ciscinho (LUX)
ze gewannen: 5.000€

CLASH ROYALE
BlackPearl (LUX), Xene (FRA), Pitou (FRA), Thaddeus (ALL)
ze gewannen: 6.000€

ROCKET LEAGUE
Rift Sloths (LUX), Minkz (ALL), Team Luxembourg (LUX), Aller Le Foot (FRA)
ze gewannen: 9.000€