En Donneschdeg war den Impakt vun der Corona-Pandemie op déi Jonk d’Haaptthema an der Chamber.

Eng Interpellatioun gouf nämlech virun iwwer engem Joer vum CSV-Deputéierte Marc Spautz eragereecht. D’Zil war et d’Regierung ze froe wat si geplangt hunn fir de Jonken ze hëllefen. Dem Marc Spautz säi Parteikolleeg, den Deputéierte Paul Galles hat mat un der Interpellatioun geschafft an huet am Eldo-Interview op d’Chamberdebatt reagéiert.

Lauschert eran!

Déi Jonk wieren nämlech vun engem Waasserfall vu Krise betraff, esou de Paul Galles. Och wann d’Corona-Mesurë quasi alleguer opgehuewe goufen, dierft een net vergiessen dass déi Jonk vill gelidden hätten an elo d’Konsequenzen dovunner nach spiere géifen. De Marc Spautz sot an der Chamber dass dat kulturellt a sportlecht Liewen elo anescht wier an dass manner Jonker Member vun engem Veräi sinn.

Fir d’Regierung ass den Educatiounsminister Claude Meisch intervenéiert an ass op d’Liewenszefriddenheet vun de Jonken agaangen. Et wier kloer dass se wärend der Pandemie erofgaange wier well een isoléiert war a kee Sport konnt maachen a seng Kolleegen net konnt gesinn.

De Minister hat ënnerstrach dass d’Bildung vun deene Jonken och wärend der Pandemie net ze kuerz komm wier. An deem Sënn waren zentral Sujeten an der Interpellatioun d’mental Gesondheet an d’Wunnengssich. D’CSV huet gefuerdert dass d’psychologesch Betreiung besser organiséiert gëtt. An deem Kader huet de Minister Claude Meisch eng konkret Aktioun vun der Regierung virgestallt. Et gëtt un enger Gesetzes-Ännerung geschafft déi de CEPAS (Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires) betrëfft. Hei sollen d'Rolle méi kloer gemaach ginn.

Dat gouf vum Paul Galles begréisst: de CEPAS géif nämlech eng wichteg Roll spille well déi Jonk sech wuelfille musse fir de CEPAS als vertrauensvoll Ulafstell unzegesinn. Allgemeng war ee relativ zefridde mat dëser Debatt an der Chamber. Et konnt een awer natierlech net op all eenzele Sujet agoen.

Wéi geet et dann no der Interpellatioun weider? De Sujet gëtt net vergiess, an et gi weider Propose gemaach fir de Jonken ze hëllefen, esou de Paul Galles.