A wéi vill ginn et der eigentlech?!

LGBT oder LGBTQIA+? Reeboufändel oder awer déi mam Dräieck dran? Zouginn: Wie sech net mat der queerer Community ausernaner setzt, fir dee kënnen all déi Akronymmer a Symboler verwirrend sinn. Ma mir liewen am Zäitalter vu Google a Co, dh informéiere ka sech jiddereen. Virum allem am Kader vum Pride Mount gëllt et hei opzeklären.

De Pride-Fändel steet wéi den Numm et seet fir Stolz, awer och fir Support vun ënnerdréckte Randgruppen a representéiert queer Communautéiten.

1978 zu San Francisco ass den originale LGBT-Fändel entstane wéi den Harvey Milk, den éischten ëffentlech schwule Politiker an den USA, den Gilbert Baker domat beoptraagt hat e Symbol fir déi queer Community ze designen. Do virdru gouf dacks e rosaen Dräieck als Symbol genotzt, e Symbol dat och Nazie benotzt hu fir homosexuell Leit ze kennzeechnen. En negativ konnotéiert Symbol also vun deem ee lass komme wollt. An dat huet ee mat dësem Fändel voller Faarwen erreecht: Déi 6 Faarwe si vertikal arrangéiert an hu verschidde Bedeitungen.

Rout = Liewen

Orange = Heelung

Giel = Sonn

Gréng = Natur

Blo = Harmonie

Mof = Spiritualitéit

Als Ganzt ass de Fändel e Symbol géint d’Homophobie an de Sexismus an dierf op kengem Pride-Event feelen.

Mëttlerweil ginn et nieft dem originale LGBT-Fändel awer nach eng ganz Partie aner Pride Fändelen déi dobäi komm sinn. Esou zum Beispill d’Progress-Flag, déi de Fändel ëm wieder Faarwen ergänzt a fir Intersektionalitéit steet. Heimat solle geziilt queer PoC (People of Color) an Transsexueller representéiert ginn.

De Fändel, dee fir méi Siichtbarkeet suergt fir Leit, déi vun ënnerschiddleche Mechanismen ënnerdréckt ginn, ass 2018 vum Daniel Qasar engem/enger net binärem/binärer Grafikdesigner*In entwéckelt ginn. Mëttlerweil ginn et och vun dësem Fändel nei Varianten an dacks si verschidde Fändelen och mat anere verbonnen. De Grond: Et gi vill verschidden Identitéiten, déi representéiert wëlle ginn a fir méi Inclusioun brauch et och méi Symbolik a Visibilitéit.