
© Eldoradio
En Highlight ass sécherlech de "City Sounds - Glacis in Concert". Um Virowend vun Nationalfeierdag kënnt et zu Upassungen am ëffentlechen Transport.
Dëse Mëttwoch ass et nees esouwäit. Uechter déi ganz Stad wäert um Virowend vun Nationalfeierdag eng méi lass sinn. Mir hunn déi wichtegst Informatiounen iwwer déi verschidden Eventer an iwwer d'Ännerungen am Trafic fir iech zesummegefaasst.
Et ass eng lass an der Stad
Den Optakt vun de Feierlechkeeten ass traditionell um 16h00 den Dag virun Nationalfeierdag. Da wäert virum Palais déi feierlech Ofléisung vun der Garde stattfannen. De Fakelzuch, wäert dann um 21h20 e Mëttwoch den Owend beim Roude Buer an der Groussgaass starten an duerch d'Rue Fossé, d'Rue Notre-Dame an d'Rue de l'Ancien Athenée bis virun de Viaduc féieren.Um 23h00 ass dann den Optakt vum traditionelle Freedefeier. Dëst wäert um Pont Adolphe gezünt ginn a 17 Minutte laang daueren.Natierlech wäerten esouwuel um Virowend, ewéi och op Nationalfeierdag selwer eng ganz Partie Concerten uerchtert d'Stad stattfannen. Den Highlight ass hei sécherlech de "City Sounds - Glacis in Concert", deen e Mëttwoch den Owend um 17h00 lassgeet. Vun 20h30 un wäerten dann d'Headliner optrieden. Nieft dem däitschen DJ "Alle Farben", wäerten hei och d'Djane "Ogazón" an d'Djen "Maximillion" an "DJ Riven" opleeën. Op Nationalfeierdag selwer sinn dann d'Optrëtter vum Rag'n'Bone Man, dem Emeli Sandé an dem Claire Parsons "In Geometry Septett". D'Entrée fir dësen Event ass iwweregens gratis.
Upassungen am ëffentlechen Transport
Wéinst de Festivitéiten, wäert et dann och zu enger Rei Adaptatiounen am ëffentlechen Transport kommen. Um Virowend vum Nationalfeierdag, wäerten d'Busser vun der Stad Lëtzebuerg tëscht der Gare an dem Stadzentrum iwwer d'Hollerecher Strooss an d'Route d'Esch ëmgeleet ginn. Verschidden Arrête wäerten deen Ament net ugefuer ginn. Iwwerdeems wäerte virum Ufank vun de Festivitéiten op de Linnen 2, 3, 9, 10, 11, 14 an 30 méi Busser, ewéi normalerweis, zirkuléieren. Tëscht 22h30 an 23h30 wäerten da mat Ausnam vun de Linne 6, 16 an 18 keng Busser méi fueren. Nom Freedefeier wäerten um Groussdeel vun de Linne vun der AVL, tëscht 23h30 e Mëttwoch den Owend an 03h30 en Donneschdeg de Moie Spezial-Busser zirkuléieren. Den Tram wäert dann tëscht 19h00 e Mëttwoch den Owend an 00h20 en Donneschdeg de Moien net tëscht dem Centre Hamilius an der Gare fueren. Allerdéngs wäert den Tram am Kader vun de Festivitéite méi spéit ewéi normalerweis zirkuléieren. De leschten Tram an Direktioun Gare wäert um 03h00 bei der Luxexpo lassfueren an dee leschten an déi entgéintgesaten Direktioun wäert um 03h28 bei der Gare starten. Um Virowend vum Nationalfeierdag an an der Nuecht op en Donneschdeg wäerten dann och op enger Partie Linne vun der CFL zousätzlech Zich fueren. Ausserdeem wäerten eng ganz Partie Bus-Navette vu verschiddene "Park and Ride Parkingen" aus der Ëmgéigend vun der Stad an de Stad-Zentrum fueren.
Op Nationalfeierdag selwer, wäert de Gros vum ëffentlechen Transport dann nom Feierdags-Horaire funktionéieren.
Hei fannt dir de kompletten Iwwerbléck vun den Adaptatiounen am ëffentlechen Transport:
RECTIFICATIF: Une offre de transports publics adaptée pour la fête nationale 2022 (22-23.06.2022) | |
| |
| |
RECTIFICATIF
Dans le cadre de la fête nationale et des événements y-associés, les transports publics subiront des changements dans leur trajet ainsi que leur horaire. De plus, l’offre des transports publics sera renforcée: le 22 juin, veille de la fête nationale, des services spéciaux seront mis en place pour assurer que les noctambules puissent se déplacer en toute sécurité. Veuillez trouver ci-après le détail par opérateur:
Les départs au centre-ville vers les parkings se feront après le feu d’artifice depuis les arrêts suivants :
Le dernier départ pour chacune de ces lignes se fera à 3h30.
Luxtram
À noter qu’en raison du feu d’artifice sur le pont Adolphe et de ses préparatifs, la circulation du tram sera suspendue de 19h00 à 00h20 sur le tronçon Hamilius – gare centrale. Un service de substitution par bus (ligne 39) assurera la liaison entre les arrêts Hamilius et gare centrale.
Jour de la fête nationale – 23 juin 2022:Le jour de la fête nationale, les trains des CFL circuleront d’après l’horaire des jours fériés. |