Schwaarz gekleet, tätowéiert a gepierced heescht dat een Hardrock lauschtert oder? D'Lescht vu Stereotyppen ass laang, mee ass do wierklech eppes drun...

Mir goufen all schonn zu deem engen oder anere Moment mat ënnerschiddleche Stereotyppe konfrontéiert, esou dann och wann et ëm de Kleederstil am Zesummenhang mam Museksgoût geet. Mee ass et wierklech esou dat et inoffiziell Dresscode gi jee no der Musek déi ee gäre lauschtert?
Kleedung ass fir vill Leit en Mëttel sech auszedrécken, genau esou wéi Musek: Mir dinn déi Kleeder un an deene mir eis wuel fillen an déi eis am beschten no bausse representéieren, a lauschteren dobäi déi Musek déi an eisen Ouere gutt kléngt. Doduerch kann een sech dann och net nëmme mat sech selwer identifizéiere mee och mat aneren. An dem Zesummenhang léist sech nämlech jee nodeem op ee Bléck ausmaachen ob een an deenen Hisiicht déi nämmlecht Interessen huet. Dat awer och just ënnert der Viraussetzung dat déi 2 Eegenaarte mateneen zesummenhänken, an sech géigesäiteg beaflossen.

Fir vill Leit fillt et sech natierlech un sech mat enger bestëmmter Museksrichtung z’identifizéieren, an esou och mat dem vermëttelte Liewensgefill. Dat dann och am Bezuch op de Kleedungsstil: entweder vun der Museksrichtung oder dann och vun de geziilten Idoler. Esou gëtt oft eng grouss Goldketten direkt mat Hip-Hop verbonnen, respektiv opfälleg faarweg Hoer a Kombinatioun mat laange Liederjackette mat Punk. D’Kleedung kann esou de visuellen Ausdrock vun der Musek an en Deel vun der Musekskultur sinn, mee dat ass awer definitiv kee Muss! Villäicht huet ee jo och just en T-Shirt mat engem Bandlogo un well een einfach drop Loscht hat, an net onbedéngt well een en Hardcore Fan ass...

Et sinn allen zwee Eegenaarten déi eis ausmaachen an eis esou och mat anere kënne verbannen awer et net mussen. Och wann Stereotyppe leider oft net vermeidbar si gëllt et: Net direkt op ee Bléck jugéieren. Et kann ni schueden als éischt mol eng Persoun kennenzeléieren an den éischten Androck ze hannerfroen, oft kann een do nämlech just positiv iwwerrascht ginn!

Lauschtert hei de ganze Reportage!