Fuerscher wëllen elo eng nei Method entdeckt hunn, wéi ech och ouni de Konsum vun illegale Substanze kann en änlechen Effekt erzilen...

Di meescht Droge sinn net nëmmen illegal mee och extrem schiedlech fir de Kierper, trotzdeem ginn et nach vill Leit ,déi dorop zréck gräifen fir ‘’high’’ ze ginn. Elo hu Fuerscher awer eng potenziell Alternativ fonnt, wéi ee ganz ouni de Konsum vun illegale Substanze kann dat nämmlecht Gefill verspieren, an zwar mat bestëmmte Musékstéin!

Binaurale Beats sinn digital produzéiert Téin, déi en änleche kognitiven oder emotionalen Zoustand ervirruffe kënne wei Drogen. Esou Klangillusioune ginn am Gehier hiergestallt, wa mir zwee Téin, déi sech an der Frequenz liicht ënnerscheeden, gläichzäiteg héieren. Doduerch dat d’Gehier dëst da versicht mateneen ze kombinéieren entsteet en drëtten Toun, de binaurale Beat. An enger Etüd vun «Drug and Alcohol Review» hunn da vun 30.000 Mënschen 12% uginn dat si bei esou binaurale Beats en änlecht Gefill verspieren, ewéi beim Konsum vun Drogen.

Dësen Effekt kann dann och zu therapeuteschen Zwecker genotzt ginn: Ënnert anerem géint Péng, fir Stress ofzebauen oder och fir d’Konzentratioun ze steigeren. Doduerch kéint dann och zum Beispill déi psychesch Gesondheet verbessert ginn. D’Meenunge ginn awer souwuel bei de Fuerscher, ewéi och bei de Leit auserneen: Déi eng schwieren op dorop, déi aner kënne keen Effekt feststellen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Mee eppes steet fest: Et ass op alle Fall manner schiedlech ewéi déi Drogen op déi sos zeréck gegraff gëtt!