Fir déi 21t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Déi lëtzebuergesch Singer a Songwriterin Claudine Muno ass schonn eng ganz Zäit an der Museksbranche ënnerwee a kann an Zwëschenzäit ongeféier op 20 Joer Bünenerfahrung zeréckkucken.

An der ganzer Zäit huet d’Claudinee Muno dann och a ganz ville verschiddene Projeten a Bands gespillt déi net all déi nämmlecht Museksrichtung hate mee et goufen och mol nei Saache probéiert.

Bei sengem Solo Projet war et an deene leschte Méint oder souguer Jore bësse méi roueg ginn vue dass och familiär Saachen am Virdergrond stoungen an een jo awer zimmlech vill Zäit brauch fir eegen Lidder ze schreiwen an opzehuelen. Mee guer näischt huet d’Claudine Muno awer och net gemaach.

Och dëse Mount hunn sech d’Organisateure vun de Rocklab Pop Up Sessions rëm fir eng ganz besonnesch Location entscheet, an der d’Claudine Muno sech wierklech wuel gefillt huet. Hei huet hatt dann 3 Lidder gespillt. D'Musekerin konnt an der Epicerie am Fond-de-Gras optrieden, déi dann och richteg gutt bei d’Musek gepasst huet.

An Zukunft wäert d’Claudine Muno awer och deen een oder anere Concerte spillen. Och u neier Musek soll weiderhi geschafft ginn, fir dass een ëmmer mat dobäi bléift.