All Joer zënter 36 Joer organiséieren d’Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe eng Vëlosheemrees op Lëtzebuerg fir de gudden Zweck. Dëst Joer ass se den 1.07.

De Prinzip ass dass ee 230 Kilometer tëscht Karlsruhe a Lëtzebuerg an engem Dag fiert. Et soll een dann och gesponsert ginn zum Beispill vu sengen Elteren, Kolleegen oder Firmen. Déi Suen déi doduerch gesammelt ginn, ginn un d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale gespent. Wéi schwiereg ass dat dann esou vill Kilometer ze fueren?

Lauschtert de ganze Reportage!

De Max Jegen, President vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe, erkläert dass e puer Studente Vëlosfuerer si bzw. extra fir dës Rees trainéieren. Anerer fuere ganz gemittlech an hirem Rhythmus. Et ass deemno méiglech Pausen ze maachen a sech een deen aneren ze hëllefen. 2 bis 3 Camionnette sinn nämlech ënnerwee fir d'Animatioun, d'Ënnerstëtzung mee och fir d'Iessen an d'Gedrénks ze transportéieren.

Et soll awer keng Course ginn a virun allem ëm de Spaass goen. Wann een et net méi packt kann een an eng Camionnette eraklammen an de Recht esou matfueren. Wann een déi Streck awer net matfuere kann an trotzdeem wëll matmaachen, da gëtt et eng aner Léisung. Dëst Joer gëtt et nämlech och en Online-Deel vun dëser Aktioun. Dat heescht dass ee wärend enger Woch kann op där Plaz, wou ee grad ass, seng Kilometere fueren. Et muss een och net zu Karlsruhe studéieren, mee dat ass eng Intercercle-Aktioun. Dat bedeit dass Studenten aus anere Stied matmaache kënnen.

Eng fix Spend ass méiglech, et kann een awer och pro 10 Kilometer gesponsert ginn. Iwwregens gouf d’Ligue erausgesicht well ee gemierkt huet dass et wichteg wier méi iwwer psychesch Krankheeten opgekläert ze ginn.

Umelle kann ee sech nach ëmmer um Site vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe.