Heiansdo verbrénge mer Stonnen iwwer Stonne virum Fernsee an dat just wéinst enger Serie. Ma wisou loosse mer eis esou dovunner fesselen?

Lauschtert eran

Serie wéi zum Beispill "Breaking Bad", "Narcos", "Stranger Things" oder "Walking Dead", sinn Netflix no perfekt, dass d’Leit an de Binge-Watching verfalen. Ee Phänomen bei deem d’Leit net vun der Tele fort kommen, eng Episod no der anerer kucken an dat iwwert Stonnen. D’Firma Limelight Networks hat virun 2 Joer an enger Ëmfro erausfonnt, dass de globale Konsum vu Streamingvideoe duerchschnëttlech bei 8 Stonne pro Woch läit. D’Resultater kommen hei aus Ëmfroe vun 4'500 Notzer ab 18 Joer aus Frankräich, Däitschland, Indien, Italien, Japan, Singapur, Südkorea, Groussbritannien an den USA, déi an der Woch mindestens 1 Stonn online-Videoe kucken.

D’Fro ass elo natierlech wisou mer eis dozou verleede loossen, fir Stonne laang virun der Tele ze hänken? D’Psychologin Renee Carr vum laguna Family Health Center verréid am Gesondheetsblog vum US-Sender NBC, dass d’Kucke vu Serien een andauernde Stroum vun Dopamin an eisem gehier fräisetzt. Wéi et ausgesäit ass et allerdéngs net d’Serie selwer no der mer quasi süchteg sinn. Vill méi ass et d’gefill vun der Freed wa mer eng Episod no der anerer kucken. Et entwéckelt een eng Pseudosucht no der Show, well een «Heisshunger» op Dopamin entwéckelt, esou d’Psychologin Renee Carr.

Vereinfacht ausgedréckt ass de Prozess, dee mer beim Binge-Watchen erliewen, deen nämmlechte wéi bei enger Drog. Déi neuronal Bunnen, déi Heroin- a Sexsucht verursaachen, sinn déi nämmlecht wéi eng Sucht nom Binge-Watching. Wat awer hei net onbedéngt schlecht ass. Am NBC-Blog gëtt och de John Mayer, ee klinesche Psycholog bei Doctor on demand zitéiert. Dëse seet nämlech, dass ee Seriemarathon och dem Stressofbau dénge kann.