
© Eldoradio
Jonker sichen, eeler Leit bidden: Dem Clémentine an Ivo hiert Konzept kéint eng Léisung fir zwee Probleem sinn.
Eng Wunneng kafen? Ausgeschloss. Eleng lounen ze goen? Als Student*In och éischter schwiereg hei zu Lëtzebuerg. D’Käschten a Punkto Immobilie klammen ëmmer weider. Wärenddeem ginn et ëmmer nees eeler Leit, déi op ee Mol mierken, dass hinnen hiert Doheem ze grouss ass fir si eleng oder se sech einfach ëmmer méi zeréck zéien aus der Gesellschaft. Dës zwee Problemer hu scho méi Leit hei am Land erkannt, ma d'Clémentine an den Ivo hu sech och Gedanken doriwwer gemaach wéi een dozou bäidroe kéint eng Léisung ze fannen.
Beim European Skills Championship hu se dunn "WeConnect" an d'Liewe geruff, e Konzept, dat sech op Cohabitatioun tëscht verschiddene Generatioune spezialiséiert. Mat Experten hu se de Marché analyséiert, e Business-Plang ausgeschafft a schlussendlech d'Iddi esou wäit developpéiert, dass se domat d'Bronze-Medaill gewonnen hunn. Zu Lëtzebuerg ware se mam Konzept spéider esouguer d'Gewënner vum "Young Enterprise Project" (YEP) an hu sech domat fir d'Finall zu Tallinn qualifizéiert an där se Lëtzebuerg beim gréissten Entrepreneurship-Festival vertriede wäerten. Mat dobäi ass och d'Mini-Entreprise CityGum, déi mer och schonn am Eldo-Interview haten a 4 weider Teams aus Lëtzebuerg.
Den éischte Step ass et elo also sech mat anere jonken Entrepreneuren zu Tallinn auszetauschen a sech natierlech och op d'Kompetitioun ze konzentréieren. Ma och wann d'Ëmsetzung vum Konzept guer net erwaart ass, wëllen den Ivo an d'Clémentine net just den theoreteschen Deel erfëlle mee och an der Praxis mat der Iddi viru fueren.
"Mir hu gemierkt, dass do eng Demande ass an do wierklech Problemer sinn, déi mir léise wëllen an dowéinst wëlle mir weider maachen".
Fir esou e komplexe Projet och ganz praktesch op d'Been ze stellen, kann een dat elo net iwwerstierzen. Déi Zwee sinn am Gaange Kontrakter mat Experten auszeschaffen, dass d'Sécherheet fir déi verschidde Parteien, déi eng Cohabitatioun géifen agoen, garantéiert wär. Donieft brauch een an éischter Linn awer och Leit, déi sech op d'Iddi aloossen an deemno gëtt aktuell no Participante fir "WeConnect" gesicht. Wann dir interesséiert sidd, kënnt dir iech bei de Jonke mellen. De Feedback, deen déi Zwee bis elo kruten, soll dann op alle Fall gutt gewiescht sinn, an dat vu jonken, ewéi vu méi ale Generatiounen.
An op genee esou Feedback gëtt dann elo och an der Finall gehofft bei där "WeConnect" fir de Public Choice Award nominéiert ass, do zielt, wéi den Numm et seet, all Stëmm an dofir: VOTE nach HEI bis den 12.07 mat! A well dëse "Prozess", wéi d'Clémentine et genannt huet net esou einfach ass, lauschtert hei wéi der dat maacht: