Vun Schoulsäck déi aus der Fënster hänken bis Fluchen mat Krankheeten...

Wann een ëm dës Zäit vum Joer hei an Holland duerch d’Noperschaften spadséiert, dann gëtt et eppes wat engem villäicht kéint opfalen: Bei villen Haiser hänkt en Schoulsak un der Dier, aus der Fënster, oder un der Fändelsstaang. Heibäi handelt et sech em eng Hollännesch Traditioun: Sou deelen d’Leit nämlech stolz mat, dass hiert Kand den Lycée ofgeschloss huet. D’Hollänner hunn vill esou kleng Traditiounen an Gewunnegten—déi eng méi aussergewéinlech wei déi aner, ma alleguer flott ze gesinn.

Erëm ganz an der Traditioun den aneren Leit Saachen matzedeelen, dekoréieren d’Hollänner zu scheinbar all Ulooss hiert Haus, also net  nëmmen zum Schoulofschloss. Esou gesäit een zum Beispill grouss Schwangerschafts Ukënnegungen bei Leit an der Fënster hänken, Fändelen op Nationalfeierdag, oder einfach Ballonen fir engem säin Gebuertsdag—alles gëtt der Noperschaft matgedeelt.

Eng méi komesch Hollännesch Gewunnecht ass et, mat Krankheeten ze fluchen, sou wei Kriibs an Tuberkulos. Dës Gewunnecht, déi fir mech am Ufank ganz schockant war, ass hei komplett normal. Esou ass et mir schonn emol virkomm dass een rosenen Hollänner mir “je kanker moeder” nogeruff huet wou ech um Vëlo net opgepasst hun—wat iwwersat sou vill heescht wéi “deng Kriibs Mamm.”

Dovun ofgesin kënnen d’Hollänner awer och ganz frëndlech sinn. Sou ass eng weider kléng Traditioun zum Beispill, dass d’Leit engem ëmmer wénken, wann se op engem Boot sinn. Sief et eng Famill mat Kanner an Hond, oder eng Grupp Studenten, d’Hollänner maachen ëmmer en Effort deenen ze wénken, déi grad net mat um Boot kënnen sinn.

Esou Traditiounen gesäit een duerchtert ganz Holland, an et ass ëmmer rëm flott ze gesinn wéi esou kleng Gewunnechten een deel vun der Hollännescher Kultur sinn. Ech halen also een Aen op fir weider kléng Hollännesch Traditiounen, a soen 'tot ziens' aus Holland!