Den Zuch ass net nëmmen en ëmweltfrëndlecht Transportmëttel mee bitt och cool Trajeten uechter d’Welt mat ganz ënnerschiddleche Budgeten un.

Wann een u laang Zuch-Reesen denkt bei deenen een och iwwernuechten a dausende Kilometer zeréckleeë kann, kënnt engem dacks de legendären "Orient Express" an de Kapp. Obwuel et Dësen net méi a senger ursprénglecher Form gëtt, gëtt et nach säin Nofollger. De "Venice Simplon-Orient-Express" bitt zum Beispill eng Zuch-Rees vu maximal 5 Nuechten tëscht Istanbul a Paräis un. Hei muss een awer och mat engem ganz konsequente Budget rechnen, well et sech ëm e luxuriéisen Zuch mat privaten Zëmmer a Stärekichen handelt.

Lauschtert eran!

Aner laang Zuch-Reese ginn et an Europa, zum Beispill bei der éisträichescher Bunn. Hei ginn et Trajeten tëscht Wien a Paräis oder Wien an Amsterdam. Aner Stied an Italien, Däitschland, Ungarn an an der Schwäiz sinn Destinatiounen. Och a Schweden ginn et Zich, déi duerch d’Nuecht a virun allem queesch duerch d’Land fueren. Déi spuenesch Bunn bitt och laang Reese mat Iwwernuechtung un. Hei ginn et Verbindungen tëscht Spuenien a Portugal mat ville Statiounen.

Ausserhalb vun Europa ginn et natierlech ganz vill aner impressionnant Zuch-Reesen. Zum Beispill "The Canadian", en Zuch deen ee vun Toronto op Vancouver an 3 Deeg féiert. An den USA kann een och den Zuch ("California Zephyr Train") zu Chicago huelen an zwee Deeg méi spéit zu San Francisco ukommen. Fir déi, déi un déi ostasiatesch Kultur intresséiert sinn, ass den "Eastern & Oriental Express" ubruecht: do beweegt ee sech bannent 4 Deeg am Raum Singapur, Malaysia an Thailand. Bekannt ass och d’Zuchlinn "The Ghan", déi wärend 2 Deeg tëscht Adelaide an Darwin an Australie fiert.

Fir déi, déi vill Gedold hunn an de Fliger net esou gär hunn, ginn et also genuch Optiounen.