De 14. a 15. Juli 2021 ware zwee ganz schwiereg Deeg fir Lëtzebuerg. Mir maachen e Réckbléck mee ginn och op d'Preventioun an.

Wéinst dem Héichwaasser goufen et grouss Schied op verschiddene Plazen uechter d’Land. Deemools war den Eldo ënner anerem an der Fiels ënnerwee, wou d’Autoen deelweis komplett iwwerschwemmt goufen. A Clausen war d’Waasser och immens héich komm. Och zu Biereng bei Miersch an zu Dummeldeng konnt een nëmmen déi schro Situatioun feststellen. Zu Ettelbréck stoung esouguer de ganzen Däich-Parking ënner Waasser.

An an deene Momenter huet d’Solidaritéit natierlech eng grouss Roll gespillt. D’Leit hu sech géigesäiteg gehollef an d’Rettungsdéngschter hunn haart geschafft fir ënner anerem fir d’Schied ze limitéieren. Gott sei Dank goufe keng Persoune blesséiert oder sinn ëm d’Liewe komm. Dat war nämlech an Däitschland an an der Belsch de Fall. Mee trotzdeem ass et zu groussem Materialschued komm. D’Regierung hat d’Iwwerschwemmungen als "Catastrophe et calamité naturelle" klasséiert.

Vill Leit awer och spezifesch Secteure ware betraff ginn. De landwirtschaftleche Secteur an de Gemengesecteur goufen uerg getraff. Eng Partie Betriber krute Kuerzaarbecht accordéiert. Dës ware meeschtens aus dem HORECA-Secteur an aus dem Commerce. Natierlech gouf och de Stéit ënner d’Äerm gegraff.

Bannent engem Joer goufe vill Saache geännert a verbessert. Konzepter vun der Gestioun vum Iwwerschwemmungs-Risiko a Moossname géint d’Héichwaasser goufen op d’Been gestallt.

Mir hunn elo an d’Vergaangenheet gekuckt mee et ass och wichteg an d’Zukunft ze kucken, virun allem wat d’Preventioun ugeet. Grad aus deem Grond huet d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring dës Woch eng Pressekonferenz gehalen. Fir d’Preventioun gi Kaarte vu Risiko-Zonen kreéiert. Eng nei Miessstatioun zu Äischen gëtt agefouert. Och wäert Lëtzebuerg sech un d’App "Meine Pegel" bedeelegen, am Hierscht 2022 soll dat ganzt fräigeschalt ginn.