
© Gemeng Suessem
Vum 21. bis de 24. Juli fënnt am Park um Belval erëm de Flow Music Festival statt - organiséiert vun der Gemeng Suessem!
Déi éischt Editioun gouf d'lescht Joer an nëmme 6 Wochen op d'Been gestallt. Mam Kanner-Campus, de ville Spillplazen an der Skatepist huet de Park um Belval sech an deene leschte Joren immens weiderentwéckelt. Eppes hätt do awer nach gefeelt an dat wier eben de Flow Music Festival, esou den David Kayser aus dem Service de la Culture.
Fir de Booking schafft d'Gemeng Suessem mat Konektis Entertainment zesummen. Vun den 19 Bands déi um Line-Up stinn, kommen der 18 aus Lëtzebuerg. Eenzeg den Alizarina Quartet wäert mat senger Mëschung aus World- an Elektro-Musek aus der Bretagne ugereest kommen. Firwat hinnen awer virun allem déi lëtzebuergesch Zeen esou um Häerz läit, huet den David Kayser eis am Eldo-Interview erkläert.
D'Entrée fir déi véier Deeg vum Flow Music Festival am Park um Belval ass iwweregens gratis!

© Screenshot Website