An enger parlamentarescher Äntwert huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot e puer Infoen zum Reesverhale vun de Lëtzebuerger verroden.

Elo kann ee jo bal zimmlech ouni Restriktiounen an d’Vakanz goen, an d’Pandemie schéngt eng manner zentral Roll ze spillen. Mee déi lescht zwee Jore war dat eng vun den Haaptsuerge vun de Leit wann et ëm d’Buche vun de Vakanzen gaangen ass.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet sech op Donnéeë vum STATEC fir d’Joer 2021 baséiert. Déi heefegst Zillänner waren d’lescht Joer Frankräich, Däitschland an d’Belsch. Op der 4. Plaz da Portugal, op der 5. Plaz Lëtzebuerg selwer an op der 6. Spuenien. An der Top 10 fënnt een nëmme Länner déi an Europa sinn. 1 Prozent waren um amerikanesche Kontinent, 1 Prozent an Asien, 2 Prozent um afrikanesche Kontinent. Hei handelt et sech ëm Fräizäitreesen, also Vakanzen, Besuch bei Famill a Frënn a Sportreesen.

Lauschtert eran!

D’Duerchschnëttsdauer fir Reesen ass 7,8 Deeg. Dat heescht dass d’Lëtzebuerger an der Moyenne op d’mannst eng Woch an d’Vakanz gaange sinn. Dat ass e bëssi méi wéi am Joer 2019. Wat d’Geschäftsreese vun de Lëtzebuerger ugeet waren déi meescht an eisen dräi Nopeschlänner. Mee och an diversen europäesche Länner.

An der Moyenne haten d’Lëtzebuerger 2021 2.200 Euro fir Reesen ausginn. Hei ginn den Transport, d’Iwwernuechtungen, d’Iessen a Gedrénks an d’Fräizäitaktivitéite matgezielt. 2020 an 2019 hunn d’Ausgabe 4.200 Euro ausgemaach, dat ass also e groussen Ënnerscheed.

64 Prozent vun de Reese goufen 2021 mam privaten Auto gemaach. 31 Prozent mam Fliger, a 4 Prozent mam Zuch oder Bus. Et si méi Leit mam Auto, a manner Leit mam Fliger gereest wéi nach am Joer 2019.

Den Impakt vun der Corona-Kris gouf natierlech och analyséiert. Obwuel d’Geschäftsreese ganz staark erofgaange sinn, sinn d’Reese fir Famill a Frënn ze besichen net vill vun der Kris beaflosst ginn. Vakanzenopenthalter goufen awer ganz schwéier getraff. Wéi d’Corona-Kris 2020 ageschloen huet, huet d’Hallschent vum Tourismus net stattfonnt. Eréischt zënter dem Summer 2021 konnt bal esou vill gereest ginn wéi virun der Pandemie.