D’Schueberfouer gëtt nees a gewinnter Form tëscht dem 19. August an 7. September organiséiert. D’Stad Lëtzebuerg huet de Programm virgestallt.

Adaptéiert Auerzäiten

Et ginn also keng Covid-Restriktioune mee trotzdeem wäert eppes änneren. Fräi Nuechte wäert et keng méi ginn. Dat heescht dass all d’Betriber a Spiller tëscht 12h00 an 1h00 op dierfen hunn. Also bleift d’Fouer net méi freides a samschdes bis 2h00 op. D’Spiller kënnen also méi fréi ufänken: soss si se nämlech eréischt um 14h00 opgaangen. Esou géif een de Leit entgéint kommen déi ronderëm wunnen, mee och de Forainen, esou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt. Tëscht 1h00 an 2h00 géifen d’Forainen nämlech net hire gréissten Ëmsaz maachen. Dat war schonn 2020 decidéiert gi mee kann eréischt dëst Joer ëmgesat ginn.

223 Forainen dëst Joer

Iwwer 500 Demandë goufe vu Forainen eragereecht fir matzemaachen: 223 dovunner goufen da schlussendlech zeréckbehalen. 30 Prozent dovunner si Lëtzebuerger, 35,9 Prozent Fransousen, 21,1 Prozent Däitscher. Aner Nationalitéite wéi Belsch, Hollänner an Australier sinn och dobäi.

Nei Spiller

Natierlech sinn déi gewinne Restauratiounsméiglechkeeten nees disponibel, an déi klassesch Spiller mee och neier. Demonium ass déi gréisst transportabel Geeschterbunn mat 4 Stäck. Och Parkour fir déi ganz Famill, Ghost Rider mat Loopings, Gravity dee 17 Meter héich ass an e Pirateschëff fir d’Famill sinn dëst Joer um Glacis. Spiller déi elo zeréck komme sinn d’Wilde Maus, Hangover, an Top Spin.

Donieft wäert e "Lämmy Fouer Spill" organiséiert ginn. De Lämmy ass jo d’Maskottche vun der Foire. Hei kann een un engem Coucours deelhuele fir verschidde Präisser ze gewannen. D’Ëmsätz ginn dann un eng Associatioun.

Programm

Déi offiziell Ouverture vun der Fouer ass dann den 19. August um 17h00. De 24. August ass d’Journée Familiale mat engem reduzéierten Tarif. De 7. September ass dann de leschten Dag mat engem hallwen Tarif bis 20h00. Um 22h00 ass dann e Freedefeier. De Patrick Goldschmit sot dass ee mat enger Hausse vun Tariffer muss rechne wéinst der aktueller Situatioun. Mee hie mécht en Appell un d’Forainen dass d’Tariffer mussen abordabel bleiwen.

Service "Enfants perdus"

Donieft ginn d’Leit encouragéiert de Park’n’Ride oder den ëffentlechen Transport ze benotzen. Wichteg ass och de Service "Enfants perdus". De Steve Goedert vun der Police huet erkläert dass wann een als Famill oder a grousse Gruppen op d’Fouer kënnt, kann een um Site vum E-Kommissariat d’Kanner aschreiwen. Si kréie wärend der Dauer vun der Fouer eng Nummer an dann eng Etikette mat der Telefonsnummer vum Kommissariat.

Lauschert eran!

Hei ginn et d'Detailer.