Vun enger Bei gepickt? Séier eppes kales drop leeën an d'Péng ass geschwënn nees fort. Oder fir ee méi effikassen Effekt; e bëssen Zwiwwel-Jus drop reiwen.

Als alleréischt soll een natierlech mol kucken vu wat ee genau gepickt gouf, an op een drop allergesch ass. An deem Fall reagéiert de ganzen Kierper op de Stach an et kéint ee Schwieregkeeten beim Ootmen kréien. Dofir soll een dann am Beschten direkt bei den Dokter. Och wann een net allergesch ass, kann esou een Beiestach gutt wéidoen an och schwëllen. Dat Bescht wat dogéint wierkt ass Keelt.

En naasst Duch, e bëssen Äis oder souguer eng Scheif Kornischong aus dem Frigo kënnen d’Schwellung an d’Kraze berouegen. Och wa verschidde Leit menge Spaut géing den selwechten Effekt maachen ass dat awer net esou effikass an et soulagéiert een nëmmen kuerzfristeg.

En anert Hëllefsmëttel géint Beiestéch ass den Jus vun der Zwiwwel. Dee soll net nëmmen d’Péng berouegen, mee kann tatsächlech och d’Wonn desinfizéieren an doduerch eng Entzündung vermeiden. Also bëssi mat der Zwiwwel op d’Wonn reiwen an schonn geet et engem däitlech besser.

Lauschtert hei de ganze Reportage