Beim schéine Wieder gehéieren och Harespelen dobäi. Déi gëtt een ganz einfach mat bësse Waasser, enger klenger Basilikum-Planz an aneren Tricks lass.

Den éischte Reflex deen een esou huet wann eng Harespel een net méi a Rou léisst ass ronderëm ze schloe fir dass se fortflitt. Dëst ass awer déi falsch Taktik a mécht d’Harespel nëmmen nach méi aggressiv. Et ginn tatsächlech aner Manéiere mat deenen een eng Harespel ka lassginn ouni de Risiko anzegoen gepickt ze ginn:

Et kann een zum Beispill enger Sprayfläsch mat Waasser fëllen an domadder dann op d’Harespel sprutzen. Déi mengt dann et géing reenen a flitt séier fort.

Basilikum ass net nëmme gutt op enger Tomat-Mozzarella Zalot mee hëlleft tatsächlech och géint Harespelen, well déi de Geroch vum Basilikum guer net ausstoe kënnen. Also eng kleng Planz um Balcon an den Trick ass gemaach.

Soss kann een och en klengen Teller mat Friichte puer Meter vun sech ewechstellen an der Hoffnung dass dëst si méi ulackelt wéi säint eegent Iessen.

Sou gutt wéi se och richen zeie séiss Parfumen d’Harespelen och extrem un. Wann der den Harespelen also aus dem Wee goe wëllt loosst äre ‘Sweet Parfum’ doheem.

Lauschtert hei de Reportage