Fir Stroum a Suen ze spueren, kann een Doheem ganz einfach de Fernsee nom Benotzen ausschalten, d'Frigos-Dier zoumaachen oder LED-Luuchte benotzen.

D’Präisser vum Stroum halen net op mat klammen a komplett op de Stroum ze verzichten ass hautdesdaags quasi onméiglech. Trotzdeem ginn et Klengegkeeten, déi all Mënsch doheem ka maachen, fir seng Stroumrechnung ëm en gutt Stéck erofzesetzen.

Nom Netflix oder Tele kucken, soll een de Fernsee net einfach am Standbymodus lafe loossen, mee am beschte Fall komplett ausschalten. Domadder spuer dir net nëmmen u Stroum, mee dir schued dem Gerät selwer och manner.

Sou gutt wei déi Keelt vum Frigo bei héijen Temperaturen och de, soll een d’Dier direkt erëm zoumaachen, fir esou mann wéi méiglech Energie ze verbrauchen. Also d'Frigos-Dierf net ze laang oploossen.

Ob et d’Spullmaschinn oder d’Wäschmaschinn ass, soll een se am Beschten nëmmen da lafe loossen, wann se och komplett voll sinn. Dëst hëlleft net nëmme beim Energie spueren, mee och géint d’Waasserverschwendung.

Wat d’Beliichtung am Haus ugeet, wier et am allerbeschten sech LED-Luuchten ze besuergen. Déi sinn net nëmmen top fir de Stroum-Konsum ze reduzéieren, mee halen tatsächlech méi laang wéi déi normal Bieren. Déi kritt een souguer an alle Faarwen. Der kënnt also är Stroumrechnung reduzéieren a gläichzäiteg äert Haus schéi faarweg gestalten.

Lauschtert hei de ganze Reportage