Eng Kéier mam Knéi agerannt a schonn huet een e bloe Fleck. Dogéint hëlleft Äis, kompresséieren an héich hiewen.

Esou eng blo Platz ass zwar komplett harmlos mee kann awer och gutt nerven. Se entsteet doduerch dass e puer Bluttgefässer bei engem Schock platzen an sech d'Blutt dann ënnert der Haut usammelt. Déi Platze bleiwen awer meeschtens just 2 bis 3 Wochen. Wann een se awer éischter well lassgi gi gëtt et déi sougenannten «PECH-Formel».

Als alleréischt soll ee mol de Kierperdeel wou ee grad gestouss huet roueg halen an net iergendwéi nach vill Beweegunge maachen.

Am beschten ass et dann och direkt Eis op déi Platz ze leen. D’Äis vermeit d’Verbreedung vum Blutt doduerch dass d’ Bluttgefässer sech wéinst dem Äis dann zesummen zeien. Och eng Bëlz kann een duerch d’Äis vermeiden, well deen d’Schwellung direkt berouegt.

Op déi betraffe Platz soll een eng Minutt drop drécke mam Daum oder souguer mat der ganzer Hand, och wann dat leider e bësse wéideet. Genau sou wéi mam Äis verhënnert dat dass sech d’Blutt verdeelt an dass een dann en décke bloe Fleck kritt.

Schlussendlech soll een den Aarm, oder d’Been, deemno wat ee gestouss huet héich hiewe fir de Bluttfloss ze verréngeren. An hoffentlech huet een dann entweder guer keen oder just en klenge bloe Fleck.

Lauschtert hei de ganze Reportage