Scho vun engem Hond gebass ginn? D'Chance ass grouss dass de nervös oder ängschtlech gewierkt hues an den Hond och doduerch nervös ginn ass.

Wann een da mol en Hond mat sengem Besëtzer an der Stad oder am Park begéint kritt ee sécher als alleréischt gesot: «keng Angscht hunn, en béisst net». Tatsächlech ass den Tipp keng Angscht ze hunn guer net esou onnetzlech wéi ee kéint mengen.

Fuerscher vun der Universitéit vu Liverpool hunn erausfonnt dass Hënn meeschtens d’Leit just da béisse wann déi nervös oder ängschtlech wierken. Déi Nervositéit soll d’Hënn och onroueg maachen an déi béissen dann zou.

An hirer Etud hunn sinn och rausfonnt dass vun 1 000 Leit ongeféier 19 gebass ginn. Interessant ass et och dass Leit déi selwer Hënn besëtzen éischter gebass gi wéi anerer. Meeschtens awer net vun hirem eegenen Hond. Dobäi ginn dann och duebel esou oft Männer gebass wéi Fraen.

Am heefegste ginn awer och Kanner gebass, déi dann deemno wéi beim Spillen dem Hond wéigedoen hunn. Heiansdo kann den Hond och béi Kanner zougebass hunn wann se einfach wëlle spillen an dann net express bëssen ze fest béissen.

Also am beschte wann een net gebass well ginn, keng Angscht virum Hond hunn, net nervös wierken an da béisst den Hond och warscheinlech net zou.

Lauschtert hei de ganze Reportage