Et ass bewisen, dass de Mann bei hëtzegen Temperaturen ee méi groussen Appetit huet an dat net just wa gegrillt gëtt.

Lauschtert eran

De Summer hei zu Lëtzebuerg ass definitiv ukomm a ganz vill Leit hu Vakanz oder Congé a sinn eventuell och schonn am Ausland fir sech eng Auszäit vum Alldag ze gënnen. Wann d'Temperaturen esou hëtzeg sinn, da fält virun allem bei de Männer op, dass den Honger méi grouss ass.

Eng Etüd vun der Universitéit Tel Aviv huet gewisen, dass Männer bei Sonneluucht méi ee staarkt Hongergefill hunn. Anescht ausgedréckt: Männer neigen dozou am Summer méi ze iesse wéi am Wanter. Ee Phänomen dat d'Männer mat Sécherheet bestätege kënnen. Dat huet awer elo näischt domat ze dinn, dass een duerch dat summerlecht Gefill Loscht huet méi ze iessen, mee éischter duerch d'Hormoner.

Fuerscher hu bei Mënschen a Mais Experimenter duerchgefouert, bei deene ganz kloer eraus komm ass, dass UVB- Straale vun der Sonneluucht, ee ganz bestëmmten Hormon an der Haut aktivéieren. Et ass da genau dat Hormon d'Produktioun vum Honger- a Sättegungshormon Ghrelin fuerdert. Donieft ass bei de Recherchen och nach eraus komm, dass een dee ganze Mechanismus notze ka fir Anorexie bei de Männer behandelen ze kënnen.

Elo kann ee sech natierlech d'Fro stelle wisou deen Effekt bei de Fraen aus bleift. D'Erklärung ass hei ganz einfach an zwar ass dat duerch d'Sexualhormon Estrogen. Dat bënnt sech un dee Protein an hemmt d'Aktivitéit vu Ghrelin.