D'Liewen vu Promien ass net ëmmer esou glamourös; eng ganz Rei vun hinnen waren schonn am Prisong.

Drogen, Déifstall, schwéier Kierperverletzungen an nach Villes méi. Promie mengen heiansdo hinnen ass alles erlaabt, mee och si mussen d’Konsequenzen erleiden. D’ Warscheinlechkeet dass och däi Liblingsstar eng kéier am Prisong war ass guer net esou kleng.

Den Ted-Schauspiller Mark Wahlberg war viru senger grousser Karriär net esou en braven. Mat 17 Joer huet hie 45 Deeg am Prisong verbruecht wéinst schwéier Kierperverletzung. Ënner anerem huet hien deemools och Autoe geknackt, Droge geholl an och déi eng oder aner Kéier eppes geklaut.

D’Partyqueen Paris Hilton ass net nëmmen ënner Alkohol-Afloss gefuer, mee huet géint seng Sursisoplag verstouss an ass dann och nach ouni Fürerschäin Auto gefuer. Och hat gouf fir 45 Deeg Prisong verurteelt an huet deelweis missten an de Prisong.

Iron Man gone bad. De Robert Downey Junior hat viru senger grousser Marvel Karriäre Drogeproblemer. Wéinst deenen an duerch de Verstouss géint seng Sursisoplag huet den Iron Man 16 Méint am Prisong verbruecht. Duerno huet hien ni méi Drogen ugepaakt.

De Justin Bieber huet mat 20 e bësse rebelléiert. De Sänger huet missen an de Prisong nodeems en ënner Drogenafloss mam Auto duerch d’Stroosse geraasst ass. Nodeems en eraus war huet en awer kloer an däitlech senge Fans gesot «De Prisong ass kee Spaass. Ni méi.»

Lauschtert hei de ganze Reportage