Bei dëser Hëtzt huet een seng Wunneng am léifste kill. Ouni Klimaanlag kann een dat awer ganz einfach mat engem Ventilator, Riddoen an Lëfte maachen.

Wann ee lo keng Klimaanlag Doheem huet ginn et awer vill aner Méiglechkeete wéi een seng Wunneng am Summer angeneem kal kann halen.

Richteg ze lëften ass extrem wichteg am Summer. Et soll ee just bei ënnert 25 Grad lëften, dat heescht éischter an der Nuecht a Moies fréi. Am Dag bréngt Lëften näischt well doduerch just waarm Loft an d’Wunneng kënnt.

Den Teppech an d’Kuscheldecken um Kannapee sollen am beschten am Summer wechgeraumt sinn. Tatsächlech späicheren déi hëtzt a kënnen de Raum dann och waarm halen.

Riddoen halen zwar d’Sonnestralen aus dem Haus mee fir d’Hëtzt eraus ze hale soll een am beschte keng däischter Riddoe kafen. Schwaarz Riddoen absorbéieren d’Stralen a ginn dann immens waarm. Hell Riddoe sinn dann am Summer besser well déi d’Strale reflektéieren an d’Hëtzt net ophuelen.

Alles wat elektronesch Geräter si soll een am beschten ausschalte well déi och vill Hëtzt vu sech ginn.

An natierlech ass en Ventilator am Raum och ëmmer en séiere Wee fir en ofzekillen. Wann een deen Owes oder Moies virun der Fënster oder wärend dem dag virun en Eemer mat Äis stellt kritt de Raum séier eng angeneem Temperatur.

Lauschtert hei de ganze Reportage