D'Temperature ginn an d'Luucht an do muss natierlech ëmmer genuch Waasser gedronk ginn, mee heiansdo gëtt dat jo och bëssen ze langweileg...

Nieft de Klassiker ënnert de Summer-Gedrénks, respektiv Summer-Cocktailen, ginn et all Joers néi erfrëschend Innovatiounen ze entdecken. Egal ob fir sech selwer, oder och fir d'Famill an d'Frënn, mat dëse Gedrénks kommt dir méi frësch duerch de Summer! De labbere Feierowend huet se natierlech och direkt fir iech getest:

Waassermelounen-Margarita

Egal ob mat oder ouni Alkohol, de Waassermelounen-Margarita ass mat just 3 Komponente schnell gemaach:

  • 1 Waassermeloun
  • 60 mL Limettejus
  • 60 mL Zitrounenwaasser mat Spruddel fir d'Variant ouni Alkohol
  • 60 mL Tequila oder Rum fir d'Variant mat Alkohol

D'Waassermeloun kléng schneiden an zesumme mat den anere Saachen, an engem Cocktailshaker zesumme rëselen. Alles an e Glas fëllen an optional de Rand vum Glas nach mat Salz a Limetten dekoréieren: a schonn ass de Waassermelounen-Margarita fäerdeg!

Dalgona Kaffi

Aktuell e groussen Trend op de soziale Medien, an virun allem wéinst dem opfällegen Ausgesi beléift. Virun allem fir all d'Kaffismënschen en absolutte Muss fir de Summer:

  • 3 EL léisleche Kaffi
  • 3 EL Zocker
  • 3 EL kachend Waasser
  • 300 mL Mëllech 
  • Äiswierfelen

De Kaffi mam Zocker a Waasser vermëschen a mam Mixer opréiere bis sech e Schaum ergëtt, dat ka scho mol 3 Minutten daueren. Dono d'Mëllech erhëtzen an opschäume fir se dono iwwert d'Äiswierfelen an d'Glas ze schëdden. Zum Schluss d'Kaffiscrème schéin driwwer verdeelen, an no Kreativitéit gestalten!

Kéis Téi

Kléngt komesch, mee soll virun allem am Summer richteg gutt erfrëschen: 

  • 200 mL Waasser
  • 1 Téibréif
  • 2 EL Zocker
  • 30 g Frëschkéis
  • 50 mL Mëllech
  • 100 mL Schlagsan
  • Salz

Den Téi preparéieren, mat 1 EL Zocker vermëschen an ofkille loossen. Dann de Frëschkéis mat der Mëllech an engem Handmixer veréieren, dono op niddereger Stuff d'Schlagsan ënnermëschen. Schlussendlech 1 EL Zocker a Salz dobäi maachen. D'Crème da schéin iwwert den Téi dekoréieren, a voilà!

Äerdbier-Cocktail

Schéin fruchteg duerch de Summer, mat leckeren Äerdbieren:

  • 200 g frësch Äerdbieren (gefruere geet och)
  • 30 g Hunneg/Sirop
  • 400 mL Spruddelwaasser
  • 1 Zitroun
  • frësche Basilikum

D'Äerdbieren, Hunneg, Zitrounejus a Schuel mat Basilikum püréieren, an dono mat Spruddelwaasser opfëllen. Fir déi extra Erfrëschung nach puer Äiswierfelen dobäi maachen, an och eng Variant mat wäissem Rum oder Wodka ass fir d'Summerowenter méiglech!

Detox Limonade

Dat richtegt fir déi Léit, déi och nach hirem Kierper eppes Guddes wëllen doen:

  • 3 Pampelmousse
  • 500 mL Blutorangentéi
  • 1 L Waasser
  • 2 Limetten 
  • 5 EL Agavensirop oder Hunneg

Den Téi preparéieren an ofkille loossen, dann de Pampelmoussejus, d'Limetten an den Hunneg oder Agavensirop mam Waasser dobäi mëschen. Fir den Ofschloss nach Mentheblieder ënnermëschen a mat Äiswierfelen zerwéieren!