
© Pexels.com
Kriss de d'Wallis net zou? Da stiech deng Strëmp an d'Schong, kaf Mini-Zahnpasta a rull deng Kleeder an amplaz se ze falen.
De nervegsten Deel vun der Vakanz ass d’Paken. Et géing een am léifsten de ganze Schaaf erandrécken, mee Plaz fënnt ee keng. Sech zu dräi op d’Wallis sëtze fir se zou maachen ze kënne muss ee mat dësen Hacks net méi.
All kleng Plaz ass wichteg. Dofir soll een zum Beispill seng Strëmp oder esouguer seng Ënnerwäsch a seng Schong erandrécken. Et spuert een domadder scho vill onnéideg verluere Plaz.
Wann ee souwisou just eng Woch fort ass, bréngt et näischt grouss Shampoingsfläsche matzehuelen. Déi an nach vill aner Produite wéi Zahnpasta kritt een och iwwerall a klenge Formater. Déi huelen och däitlech manner Plaz fort.
Och wann et engem schwéier fält, kann een net all seng Kleeder mathuelen. Fir Plaz an och Wäsch ze spueren, kann ee seng Outfits scho virun der Vakanz plangen. Dann hëlt ee just déi Kleeder mat a schonn ass d’Wallis e gutt Stéck méi liicht.
Déi Kleeder déi een da mathëlt, soll een net falen, mee zesumme rullen. Et kléngt e bësse komesch, mee doduerch dass een se rullt huelen ze manner Platz an der Wallis. An scho kritt dir är Wallis ouni Problem zou.