Och béi esou schéinem Wieder kann engem ganz langweileg ginn. Dann kanns de dengem zukünftegen Du en Bréif ze schreiwen oder blann iessen testen.

Et gëtt ëmmer deen een Zäitpunkt am Summer wou ee scho gefillt alles mat senge Kolleege gemaach huet an ee lo einfach nëmmen nach do sëtzt sech ze langweilen. An dem Fall ginn et awer puer Aktivitéiten déi een eleng mee och zu puer maache kann.

D’Aen verbonnen a gudden Appetit. Besuergt iech e puer Liewensmëttel a schmaacht se mat verbonnenen Aen a probéiert ze errode wat et ass. Et kléngt zwar einfach mee alles schmaacht e bëssen anescht wann een et net gesäit.

All Mënsch mécht deeglech Fotoe mam Handy. Méi spaasseg ass et dann awer Fotoe mat enger Einwegkamera ze maachen. Déi Fotoe kann een nämlech net beaarbechten oder läschen an et muss ee waarde bis se entwéckelt si fir se ze gesinn. Se sinn also vill méi natierlech an eenzegaarteg.

Wéi wier et dann dir selwer mol en Bréif ze schreiwen an deen dann an 10 Joer opzemaachen? Schreif der mol deng Zieler a wéis du dir däi Liewen an 10 Joer virstells. Wann een dat dann 10 Joer drop liest kann ee gutt driwwer laachen.

Och ëmmer en gudde Wee fir seng Langweil am Summer ze bekämpfen; eng gutt Waasserschlacht. Egal op ee mat Wasserballonen, Waasserpistoulen oder souguer einfach mam Gartschlauch deen aneren naass mécht, langweileg ass engem dobäi ni.

Lauschtert hei de ganze Reportage