Den neien Tiktok Trend "Mouth Taping" soll beim Schlof hëllefen. Dat kléngt Stéck Scotch soll net nëmme Karies vermeide mee och d'Schnaarchen.

Iwwert de sougenannte «Mouth taping» Hack gëtt de Moment vill geschwat. Mee wat genau ass dat? Anscheinend soll een sech mat engem Stéck Scotch de Mond zoupechen an doduerch soll ee méi déif schlofe kënnen.

Deemno géif een doduerch och manner Stëbs anootmen. Well en dann nëmmen duerch d’Nues ootme ka bleiwe Stëbs Partikelen an den klenge Hoercher an der Nues hänken. D’Loft déi een dann anotemt soll also méi propper sinn.

Duerch d’Nues ootmen soll och géint Karies an aner Infektiounen am Mond hëllefen. Wann een duerch de Mond otemt erwächt een oft mat engem dréchene Mond, an dat soll fir d’Zänn an den Mond net ganz gesond sinn.

Géint Schnaarchen soll “mouth taping” awer nëmmen esou hallef hëllefen. Beim Schnaarchen vibréiert den Gaumenzäppchen an dat héiert een och duerch esou en Stéck Scotch.

Dat alles ass awer net wëssenschaftlech bewisen. Leit déi ënner Ootmungs-Schwieregkeete leide wéi zum Beispill Asthma sollten dat op kee Fall probéieren. Fir déi déi den Trend ausprobéiere wëllen, soll een am beschte puer mol am Dag austesten ob een esou ootme ka bevir een dat an der Nuecht mécht.

Lauschtert hei de ganze Reportage