Fir déi 22t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi lëtzebuergesch Rock Band "My Own Ghost" huet sech am Joer 2013 gegrënnt an huet an deene leschte 9 Joer dann och schonn zwee eegen Alben erausbruecht. Am Kader vun de Rocklab Pop Up Sessions hate mir d’Sängerin Julie an de Gittarist David am Interview. An deene Jore goufen dann och vill Concerte gespillt an och bei ville grousse Bands waren "My Own Ghost" als Virgrupp vertrueden.

Mat wéi engen Bands war dir schonn op Tournée?

Vue dass si och schonn eng ganz Zäit mat dobäi sinn, haten si dann och schonn eng ganz Rei Erfarunge konnte sammelen an trotzdeem ass et alles anescht wéi Rock’n’Roll mee gëtt richteg seriö geholl.

Wéi seriö ass eng Tournée?

Fir dëse Mount haten si dann awer och d’Chance am Kader vun de Rocklab Pop Up Sessions ee Video kennen opzehuelen. Och hei waren sech rëm vill Gedanken ëm eng speziell Platz gemaach ginn, déi dann am Endeffekt och richteg gutt bei d’Band gepasst huet. Si konnten am Fonds de Gras hire Video filmen an ophuelen.

Wéi war äer Rocklab Pop Up Session?

Nodeems si säit Mee bei engem neie Label "Massacre Records" Ënnerdaach sinn, hunn si och lo ugekënnegt dass de 14. Oktober dëst Joer ee ganz neien Album ënnert dem Numm "Shadow People" erauskënnt.

Wéi gëtt den neien Album?

Do virdru kommen am Summer awer lo nach 3 Singlen eraus, bei deenen een da well kann héiere wéi den Album da wäert ginn. Live ass dann och eng Release Party geplangt an och eng Tournée mam neien Album soll gemaach ginn.