No engem ustrengende Workout kéint een den Dag drop en gudde Muskelkater hunn. Masséiere soll een op kee Fall mee éischter gutt an d'Sauna.

Et kritt een meeschtens dann en Muskelkater wann een beim Sport maachen iwwert seng Grenzen gaangen ass. Oder wann een säit laangem mol erëm e bëssen Sport gemaach huet. En Muskelkater ass nämlech en Unzeechen dorun dass deng Muskelen wuessen. Trotzdeem deet e Muskelkater och gutt wéi.

Den betraffenen Kierperdeel gutt ze masséieren ass zwar den éischte Reflex deen een huet mee soll een op kee Fall maachen. Tatsächlech stéiert d’Masséieren den Heelungsprozess  an reizt den Muskel souguer nach méi.

Den Alkohol soll een am beschten wärend engem Muskelkater vermeiden. Deen hellt dem Kierper Waasser, Magnesium an Natrium fort deen de Kierper brauch fir den Muskelkater ze bekämpfen. Nach dobäi muss den Kierper vir d’éischt den Alkohol ofbauen bevir en sech em den Muskelkater këmmeren kann.

Liicht Beweegung, wéi spadséieren goen, Vëlo fueren oder schwammen goen kënnen géint Muskelkater hëllefen. Doduerch kann een en souguer méi schnell lassginn.

Wann een dofir awer ze faul ass kann een den Muskelkater och mat enger waarmer oder enger äiskaler Bidden oder souguer mat engem klenge Saunabesuch berouegen.

Lauschtert hei de ganze Reportage