Nom Zänn wäschen nach en Glas Waasser an dann an d'Bett. Am beschte soll een d'Glas awer fort loosse fir en bessere Schlofrhythmus.

Waasser drénke virum schlofe goe kléng komplett normal a souguer gesond. Wärend dem Schlof verléiert de Kierper duerch schweessen an ootme Waasser, dofir kéint ee mengen et soll ee virdrun drénken. Tatsächlech soll een et awer am beschte si loosse fir en besseren a méi déiwe Schlof.

En Virdeel vum Glas Waasser virum Bett ass et dass een doduerch säi Kierper an der Nuecht och e bëssen hydratéiere kann. Dat hëlleft nämlech och géint en sensibele Mo a géint Krämp wärend der Nuecht.

Leider gëtt et awer en nervegen Nodeel bei der ganzer Saach, an zwar dass een dann an der Nuecht erwäche muss fir op d’Toilette. Natierlech wierkt dat wei just en klenge Problem, mee doduerch dass een an der Mëtt vun der Nuecht opstoe muss kann et engem schwéier falen duerno erëm anzeschlofen.

E Glas Waasser virum schlofe kéint also Schlofmangel an en net déiwe schlof mat sech bréngen. Dofir am beschte Moies direkt nom erwächen en Glas drénken an och wärend dem Dag vill drénken an da kann een d’Glas Waasser Owes fort loossen.

Lauschtert hei de ganze Reportage