Fir manner Schweessflecken ze hunn kann ee ganz einfach en Téi drénken oder Buerféiss ronderëm trëppelen.

Eise Kierper killt sech mam Schweessen of. Schweess ass also wichteg, mee et kann engem och ganz onangeneem si wann engem d’Schweessdrëpsen vun der Stier eroflafen. Fir net grad esou staark ze schweessen, ginn et puer Tricks.

Buerféiss ronderëm trëppele soll d’Schweessdrüsen am ganze Kierper beaflossen an domadder soll de ganze Kierper ofkillen. Natierlech kann een net iwwerall Buerféiss trëppelen, aus Verletzungsgefor, mee wann et méiglech ass ass dat en séiere Wee fir manner ze schweessen.

Am Summer en gudde waarmen Téi. Tatsächlech soll en Peffermënz-Téi duerch de Menthol an seng ätheresch Ueleger d’Schweesse stoppen. Dobäi hëlleft den Téi och beim stabiliséiere vun der Kierpertemperatur an dann ass engem automatesch manner waarm.

Reegelméisseg an d’Sauna goen, mécht dass de Kierper sech un déi staark Hëtzt gewinnt. Dat bréngt mat sech dass een dobaussen dann och bei héijen Temperature manner schweesst, well de Kierper dann un d’extrem Hëtzt an der Sauna gewinnt ass an déi 30 Grad him näischt méi ausmaachen.

Moies kal a waarm dusche mécht dass de Kreeslaf a Schwong kënnt a killt de Kierper of. Wann een dat am Summer deeglech mécht, reguléiert sech d’Schweessproduktioun esou dass een nëmmei esou séier oder vill schweesst.

Lauschtert hei de ganze Reportage