Et kléngt zwar ongewéinlech mee schlecht Laun ze hunn ka gesond an heiansdo praktesch sinn.

«Hal mol op esou schlecht gelaunt ze sinn». De Saz huet sécher jidderee schonn eng Kéier héieren. Trotzdeem ass et a puer Momenter besser e bësse pessimistesch ze sinn oder souguer en komplette Miesepeter ze sinn.

All seng negativ Gedanke lasszegi kann engem ganz gutt doen an ass souguer gesond. Wann een all seng Gefiller ëmmer fir sech hält an se an sech eran dréckt kéint een en Burn-out riskéieren. Natierlech soll ee lo net all Dag jiddereen unmeckere oder jidderengem seng Laun erofzéien, mee heiansdo eng Kéier alles lassgi kann ee scho vill berouegen.

Jiddereen huet esou en Kolleeg deen e bëssen ze optimistesch ass an heiansdo engem da bëssen op d’Nerve goe ka mat sengem ville Geschwätz. Fir dass deen de Mond eng Zäitchen zouhält kann ee ganz einfach soen «Ech sinn haut esou richteg schlecht gelaunt, mee ech well lo och net wierklech schwätzen». Deem wäert d’Gespréich onangeneem sinn an du hues dann deng Rou.

Duerch d’pessimistesch Denken huet een och Tendenz manner enttäuscht ze ginn. Tatsächlech ass ee manner traureg wann eppes schif leeft, wann een am Viraus schonn der Meenung war dass dat net klappe wäert.

Déi meescht schéi Libeslidder goufen och ënner Libeskommer geschriwwen. Wann een traureg ass kann een seng Gefiller nach besser ausdrécken, dofir ginn an dem Zoustand meeschtens déi schéinste Lidder a Bicher geschriwwen.

Lauschtert hei de ganze Reportage