Déi wichtegst Facteuren op der Aarbechtsplaz sinn d'Gehalt, d'Aarbechtssécherheet an eng gutt Work-Life-Balance.

Wann et drëms geet eng nei Aarbechtsplaz ze fannen, kuckt een haaptsächlech op verschidden Krittären.

Dat Wichtegst ass natierlech d’Gehalt. D’Etüd «Employer Brand Research» vun "Randstad" huet erginn, dass fir 76% vun 1.502 Persounen d’Gehalt dat Wichtegst ass an der Entscheedung wouhi se schaffe ginn. D’Gehalt ass natierlech wichteg fir d’Rechnungen ze bezuelen, mee et soll gläichzäiteg d’haart Aarbecht vun de Leit belounen. Wann een net genuch bezuelt gëtt, kritt ee séier d’Gefill seng Aarbecht wier ënnerschat.

D’Aarbechtssécherheet ass 73% vun de Leit och ganz wichteg, dass een seng Plaz net vun haut op muer verléiere kann.

Work-Life-Balance ass virun allem fir Persoune mat Kanner extrem wichteg. Déi mussen d’Méiglechkeet hunn bësse méi flexibel Auerzäiten ze hunn fir kënnen Zäit mat der Famill ze verbréngen. Och fir Leit ouni Kanner ass dat wichteg, dass si net all Dag Iwwerstonnen hunn a keng Zäit méi fanne fir hiert Privat-Liewen.

Eng gutt Atmosphär op der Aarbecht ass och wichteg fir d’Moral vun den Leit. D’Leit kommen am léifsten op d’Aarbecht wann si do respektéiert an unerkannt ginn a wann si sech gutt mat de Mataarbechter verstinn. Duerch eng gutt Moral ass de Stresslevel op der Aarbechtsplaz och méi geréng.

Lauschtert hei de ganze Reportage